Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Paulo

 
Paulo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2022
  • Gekuckt:
    10843
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    63 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1500
  • Späicherplaz:
    647 KB
  • Originaldatum:
    2022:06:17 16:58:39
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
Betribsfest

Fir anzesetzen: [pg_img=92092]
Kommentar vum Fotograf:
Den Paulo stung halt esou do, dun hun ech d'Gelegenheet mol genotzt fier mech am Portrait ze üben.
Nicon07 19.06.2022 - 15:19
Üben ass gutt gesot! Dat do ass eng herrléch Portraitsfoto, mat vill Charakter an Emotioun. An d'Déifteschärft passt an d'Grotéin och. dat gefällt mir ganz gutt.
tormi 19.06.2022 - 15:43
Merci Nico, freet mech wann se gefällt.
Wei kann ech et hin kreien, dass bei engem nächsten Versuch och d'Hoer iwert der Stier mei scharf gin. Blend mei zoumaachen? Wees ech net well ech jo eigentlech d'Gesitt scharf gestallt hun...
Nicon07 19.06.2022 - 15:54
Jo, mat der Blend kann een do scho vill maachen. Cf. hyperfocal Distanz. Mais ass et wirkléch néideg hei, di Hoer scharf ze hun? Et gëtt sou vil Stiler wéi Portraitsfotografen, an do sin der dobei, déi nach vill méi mat der Schärft-Onschärft spillen. D'Haaptsaach ass, datt een (oder di zwee) Ae scharf sin. An hei huet di onscharf Mèche och mat der Haltung vum Kapp ze din. Well di ganz Hand ass jo scharf. Awer, nach eemol,- di onscharf Hoer hei stéiere fir méng Begrëffer nit, well et souwisou "Gewulls" ass, wat lo net zm Gesiichtsausdrock extra vill bäisteiert. Ech muss soen, datt s du bei 5,6 hei schon eng zimmléch grouss Déifteschärft hues, well dem Paulo séng Nuesepëtzt jo nit floue ass.
tormi 19.06.2022 - 16:03
Merci fier den Detail, daat huelen ech mat fier dei nächst Portraitsgelegenheet

Nicon07 19.06.2022 - 16:23
Wanns du méi genee wëlls gesi, wat an der Portraitfotografie méigléch ass, da surf mol e bëssen. Fir klassesch an impecc Portraits muss du beim Studio Harcourt kucken. Dat ass quasi Perfectioun. Mais wëlls du dat? oder hues du awer léiwer spontan mat e puer Imperfectiounen? smile
tormi 19.06.2022 - 17:48
oooh wees de, als Quereinsteiger huelen ech et wei et kennt, ech sin zwar elo amgaangen gezielt iwer hyperfocal Distanz nozeliesen, fier e bessi Theorie ze hun. Fier den Rescht ass et awer vill "Jugend forscht"
Ech hun keen Drock, et ass en Hobby deen ech vill mat menger Aarbescht kann kombineieren.
Ech sin emmer dankbar wann ech hei deen een oder aaneren Tipp kann oofstauben.

Nicon07 19.06.2022 - 19:31
Learning bei doing! Sou geet dat!

Wéi heescht et am "Faust": Grau, teurer Freund, ist alle Theorie, doch grün des Lebens goldner Baum."

smile
marker 22.06.2022 - 11:03
Staarke Portrait am S&W, ..fläicht als 'Plus-value' nach eng douce Vignette? ....ass awer a.d.g. Gefällt mir och esou exzellent!
tormi 22.06.2022 - 19:08
merci marker, freet mech

hun elo mol no adg gegoogelt closed_eye an erausfonnt, dass hei op photogen am Joer 2008 an enegm post vum Jennifer des Ofkierzung benotzt gouf closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 328 Gäscht online