Dei cristaline Struktur fun den Schneiflacken faszineiren mech emmer rem, hun probeiert se sou gudd wei meiglech anzefänken. Waat haalt dir dofun, sidd dir och sou faszineiert fun deenen klengen Wonnerwierker fun der Natur?
Eh voilà, en Beräich an deem d'Point-and-Shoot Kamera'en den SLR'en Haushéich iwwerleen sin (ausser et hätt een elo zB den deieren 5x Canon Objektiv). As gudd gin am Sënn dass de no drun koums, och gudd dass de et hikrus all Kéiers eng Flack erfierzehiewen.
Merci fir är Kommentarer. Freet mech dat se iech sou gudd gefaalen, as net sou einfach se op der richteger Plaatz scharf zekreien. ;0) wesst dir keng Iddi wei een sou eng eenzel Schneiflack nach besser erfirgehuewen kritt? hun lo emmer probeiert en mei deischteren Hannergrond drop zekreien.
Mat enger eenzeger Schnéiflack hun ech dat do nach nët probéiert - hei blue structures III
waren et méi grouss Äiskristaller....do huet d'Sonn vill gehollef - ech kéint mer virstëllen dat eng Beliichtung vun hannen oder vun der Säit bei enger Schnéiflack awer och kéint funktionnéieren....
wann et d'nächsten keier schneit probeiren ech nach eemol, mol kucken weini ech d'geleenheet dozou kreien
merci awer fir deng äntwert
(flott Eiskristaller has de do font)