Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

véhémence

 
véhémence
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.05.2011
  • Gekuckt:
    16630
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1003x1500
  • Späicherplaz:
    552 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:05 22:11:06
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Minolta 50mm f/1.4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55211]
Kommentar vum Fotograf:
Première... Nëmmen léieren, iessen, schlofen an trainéieren gëtt mat der Zäit langweileg. :D

Aus der selwechter Serie:
Evening Dance

Dance For Me!

Gratia
Zersch 05.05.2011 - 22:25
Gefällt mer ganz gudd. Et wees een einfach net op waat fir een vun deenen villen Blootéin een sech soll konzentréieren an dann dei flott liicht onschärft.
Super Bild!
Metalbambi 06.05.2011 - 15:22
Merci gesot. smile
m-otiv 06.05.2011 - 08:38
Matt deser kann ech mech guer net uffrennen...den hèllen punkt zitt mein bléck ewäsch vum gesicht, ongekemmten hoer die s'du hei zur geltung bréngs matt der Mèsch an d'Gesicht, an de Kapp deen zevill no hanne kippt matt vue op nuesläscher, den Hals deen mei beliicht ass ewei d'Gesicht...
Vun denger serie, ass dess dei die mir am mansten gefällt...
Wiesou 1/30?
Metalbambi 06.05.2011 - 15:22
Dat ganzt ass jo och net als Beauty Portrait geduecht, 't ass eng Serie wou et ëm d'Ästhetik vum Danzen gaang ass. 't ass net drëms gaang dat d'Hoer wéi geleckt sinn, d'Model eng statesch Pose anhëlt an nëmmen net méi bougéieren soll, mee vir Authentizitéit an Passioun riwwer ze bréngen. Dat hei ass eben just en Ausschnëtt vun enger Foto. 1/30 war eben vir d'Dynamik dran ze kréien (cf. déi aner Fotoen), hunn ganzt bewosst op Schäerft verzicht.
Mat dem hellen Punkt riets um Fichier hues de allerdings Rescht, deen huet mech och gestéiert, war awer op konventionell Art an Weis net méi ze retten. Ech weess mat Gebastels wier et méiglech... smile
Mika 06.05.2011 - 18:18
Mech stéiert un den Hoer mol nitt, dasse se méi wuscheleg sinn, just daat engt Hoer, waat no vir fällt - un sech kéint et gudd maachen, mee wann een nitt ganz genau kuckt, gesäit et aus wéi ee Baart, an daat stéiert eben an däer Atmosphär...soss gefällt d'Foto mir awer, fannen den Titel passt richteg gudd zu deem Gefill waat een huet, wann een sech d'Foto ukuckt closed_eye
Metalbambi 07.05.2011 - 00:28
Uh freck, déi mam Baart ass fies... bigsmile
Hmm, kéint déi Mäch effektiv nach en bëssen ofdonkelen, dat een se méi kloer gesäit.
Freet mech awer dat se der soss gefält! smile
Zersch 06.05.2011 - 13:58
Komesch ne m-otiv ? , esou sprengen sech d'Goût'en closed_eye Ech fannen se eben grad well se nët esou "gestylt" as , aussergewéinlech flott. Wann een awer och (an net ewei ech) en Portraits-Kenner as , kann ech komplett aaner Meenungen och verstoen.
Gesäit een mat ganz aaneren Aaen dann. Mais bon. I love it.
Metalbambi 06.05.2011 - 15:30
De Problem ass, wann een selwer bis méi en techneschen Know-How huet verléiert een sech gären an Detailer an d'verléiert een d'Bild an senger Gesamtheet aus dem Bléck. Dofir ass et heiansdo méiglech dat en net-'Expert' en Bild intuitiv besser versteet wéi en 'Expert', well en sech einfach just op d'emotional Wierkung vum Bild konzentréiert, an net op d'technesch Ausféierung.
Ass lo net als Attack géint dech geduecht Vito, mee einfach eng allgemeng Iwwerleeung, stellen dat do och oft genuch bei mir selwer fest. Den aktuellen 'Kontroverse'-Thread vum Doc fannen ech dofir zimlech interessant, well en genau déi hei Problematik behandelt.

Vum Standpunkt aus, dat een déi Foto hei als Beauty-Portrait versteet, huet den Vito och vollkommen Rescht, do wieren Onschäerft, Hoer an Pose net acceptabel.
m-otiv 06.05.2011 - 15:49
ech kucken oft ganz vill fotoen wou ech d'teschnik mol op d'sait lossen an als ganzt kucken....
An trozdeem entsprecht dess Foto net mengem Gout....ass jo net béiss gemengt....die aaner vun der serie gefaalen mir do besser...

1/30 ass, an mengen Ae net genuch vir do absichtlech Bewegung festzehaalen, an ze lues fir et stateg festzehaalen. Et gesait méi no engem Fehler aus
Metalbambi 06.05.2011 - 16:19
War vir d'éischt dat ech sou eppes gemaach hunn, an konnt um klengen Ecran vun der Kamera net genau kucken wéi d'Schäerft wier. Hunn mech net getraut nach méi laang ze beliichten well ech trotzdem en Minimum un Schäerft um Model wollt hunn. Next time...

War och net béis opgeholl. closed_eye
m-otiv 06.05.2011 - 22:42
Ouf closed_eye
Zersch 06.05.2011 - 20:30
Tjo , ech nix Expert an Portrait-Photoen fannen se trotzdem gudd , hin oder her closed_eye
m-otiv 06.05.2011 - 22:44
Tjo...vun deene 4, "danzt" mir di heiten aus der Reih (wann een se all elo als serie geif betrachten)... Mä wei alles....et ass subjectiv
Metalbambi 07.05.2011 - 00:31
Hues vollkommen Rescht, wollt och eppes anescht probéieren. Hunn déi aner Fotoen einfach derbäi geheit well se vum selwechten Shooting sinn... ass vläicht en bëssen ierféierend... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 390 Gäscht online