Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Life | fragile

 
Life | fragile
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (03.10.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.10.2012
  • Gekuckt:
    22306
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    477 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:02 10:37:58
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 50D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    canon 100mm macro
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:
1 Ei

Fir anzesetzen: [pg_img=67127]
Kommentar vum Fotograf:
Hu mer e Projet virgeholl:
An zwar soll et eng kléng Serie gin:
Thema : Life,
Format: Quadratesch

Dëst ass lo mol di éischt.

Entstaanen ass dës am Frankfurter Zoo, do hun se e Brutkasten, an dëse jonke klénge Kärel muss graad geschluepft sin.
Schluck 02.10.2012 - 11:49
Ganz flott mat der Spiegelung Gogo
gogo 02.10.2012 - 12:04
Merci Schluck! Merci och fir de fav, ech fille mech geschmeichelt! smile
Schluck 02.10.2012 - 12:06
Ech fannen d'Bild an d'Aussoe dobéi immens ..
Johny 02.10.2012 - 12:10
Ech hätt de Fokuspunkt op d'Aa gesat, sou mengt een op den éischte Bléck d'Foto wir net schaarf well een einfach net op de richtege Punkt kuckt. Mee soss awer immens gutt, gefällt mer.
gogo 02.10.2012 - 12:24
merci,

majo daat ass eppes daat mech e bëssi wuermt, stéiert mech och dass d'Aen net schaarf ass, an dobäi sin ech mer sécher op d'Aen fokusséirt gehaat ze hun sad

Huelen un dass de Fokuspunkt beim nodréigleschen kadréiren verrutscht ass? Ech muss do besser oppassen, virun allem wann ech mat oppener Blend schaffen.
Schluck 02.10.2012 - 12:45
Bei f/2.8 leit een ganz séier donierft, virun allem wann's de och nach no drun bass, do misst de awer nach ee bëssen selektiv kënnen noschärfen dass ët net méi grad sou obfällt .. woar mer och obgefall mais d'Aussoe vun der Foto huet fir mech dat technecht ërem Wett gemach
gogo 03.10.2012 - 16:14
Merci,
hat net souwäit iwwerluet mam selektiv noschaerfen,
hun daat lo am PS nogeholl, gefaellt mer lo och besser.

Merci fir d'Konstruktiv Kritik! smile
MR 03.10.2012 - 09:49
Ech fannen d'Foto ganz flott smile
Deen kléngen Kärelchen gesäit ganz
aarmséileg aus.
gogo 03.10.2012 - 16:16
Merci,

jo den aarmen ass hin an hier getorkelt, ass puer sekonne mi speit op säi Hënner gefall an hat Krempes fir rem opzekommen. Hat richteg matleed mat him smile
TomEwert 03.10.2012 - 14:09
gefaellt mir och immens gudd ... mir waer daat mam fokus um aa mol net direkt opgefall. gesait op jidden fall richteg gudd gemeet aus!
gogo 03.10.2012 - 16:17
Merci Tom, hun nogeschaerft um Aen lo, misst lo nach manner opfaalen smile
gemu 07.10.2012 - 08:13
Ganz flott wéi den Kärel säin "Bridderchen" entdeckt. Super Foto mat flotter Spigelung

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 394 Gäscht online