Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Day to night

 
Day to night
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2018
  • Gekuckt:
    39884
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    64
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x1125
  • Späicherplaz:
    757 KB
  • Originaldatum:
    2018:01:21 18:21:33
  • Fotoapparat:
    NIKON D810
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    14-24 2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Digital Art »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89004]
Kommentar vum Fotograf:
Hei hunn ech eng day to night Obnahm probéiert. Vu que dat dat méin 1. Versuch ass freeën ech mech iwwer all Umierkung.
Eric_1989 22.01.2018 - 20:50
Mega flott obnahm %uD83D%uDE0A
Regiro 22.01.2018 - 21:33
Merci
tormi 24.01.2018 - 00:31
Hello,
hei meng Meenung dozou:
bon waat Altmünster an Company ugeet fannen ech den Iwwergang wierklech flott. Am Himmel ass et mier ze vill. Uewen lenks, vill z evill Stären (resp. Gegrimmels) dono geseit et aus wei wann et giff massiv reenen, dono entspaant sech d Situatioun. Alles an Allem en flotten Versuch dest esou Duerzestellen.
Regiro 24.01.2018 - 06:46
Merci fir dain Kommentar.
Metalbambi 24.01.2018 - 10:10
Ech fannen se zimlech cool, virun allem vir en éischten Versuch! Den Iwwergang vun Dag ob Nuecht ass schéin propper an graduell, wat mer no vill Gepiddels ausgesäit mat all den klengen Luuchten. D'Stäeren sinn effektiv leider net sou den Wahn. Ech géif déi éierlech gesot ganz ewech loossen an duerchgezeechent Wolleken amplaz maachen. Même wanns de en richtegen Stäerenhimmel dohinner mëss iwwerlued et menger Meenung no déi soss awer relativ harmonesch Foto. An dësem Fall ass manner besser wells de eben schonn en relativ komplexen Sujet hues.
Jean-Jos 25.01.2018 - 23:08
Ganz kreativ!
An och am grousse Ganze gelongen. Flott, datt et vu lénks no riets vun donkel op hell geet.
Et sin e puer speziell Artefakten dran, z.B. an de Fënsteren vun der "Händschefabrik" ënnen riets op 4:30.
Cool, dee graduellen roudfaarwégen HG.
Mech stéiert awer d'"Mëllechstrooss" lénks uewen.
Regiro 26.01.2018 - 09:26
Du mengst wahrscheinlech an de Fensterrn vum Fraeprisong ? Dat wäer dann d%u2018Beliichtng vin enger Ausstellung am Natuermusée.
Metci fir dai Kommentar. Den Stäerenhimmel kënnt raus. D%u2018Dämmerung wollt ech och ersus huelen. Déi nächste Kéier probéieren ech net nozehellefen.
kokopelli 25.01.2018 - 23:26
30/1 f/22 as an dësëm Fall schon emol guër nët méigëlëch! An huët fir mëch näicht méi mat Photografie ze din! Erklär d^beaebëchtung, falls déi interessant sollt sin, näischt fir ongutt awer.......An du bas mat secherheet net den fir den wous du dech hei ausgës
Jean-Jos 25.01.2018 - 23:39
Sorry kokppelli, ech kennen de Regiro perséinlech, ech gesin awer guer nët, datt hie sech fir en aneren ausgëtt, wéi deen, wou hien ass, kanns du mir erkläre wat's du domadder gemengt hues?
Regiro 26.01.2018 - 09:19
???
Et ass alles mat Blend 22 geholl ginn. Bei enger Nuetsobnahm ginn dat 30%u2018. Natierlech mat Stativ. Wisou dat naischt mat Photografie ze dinn huet kanns Du mir w.e.g. erkläeren. Ech hun déi Photo heihi gesaat fir eng konstruktiv Kritik ze kreien, well ech am Détail nach net ganz zefritte sinn. Ech hat dei Punkten och an engem Post obgezielt, deen iertimmlecherwais vun egem Admin gefäscht ginn ass. Ech probeieren hei eng Technik aus, déi ménges Wëssens sou vu kéngem ugewandt gëtt. Ech hunn nach naischt doriwwer fonnd. Et ee Photograf, den Steve Wilkes den mat enger vill méi obwänneger Technik schafft. Do ass et och legitim dat ech zu mols am Experimenteierstadium net öffentlech soen wei ech et gemaacht hunn. A wien soll ech dann en anere sinn ewei fir deen ech mech ausginn ?? Du brauchs nemmen main nick vun hannen no vir ze liesen, da kennst du main Numm.
kokopelli 29.01.2018 - 22:09
Interessant wier et ze wessen, wéivill Fotoen gemach gin sin dofir, ech wees vum Stephen Wilkes dass hien fir eng Foto 2000 Biller iwwert e ganzen Daag gemach huet, allerdengs mat Personagen drop, dofir dann och déi vill Biller fir hanno eng auswiel ze hun.

Als konstruktiv kritik, eventuell ennen ofschneiden fir dass d'Bild méi als Panorama as an riets ënnën mat de wäissen Fassaden ufängt. Dann as vun ennen riets Wäiss, op uewen lenks Schwarz alles dobäi. Adg. E schéinen éischten versuch trotz allem.
Regiro 31.01.2018 - 06:49
Hei sinn 2 Fotoen, 1 Layer mat de Stäeren an eng roud Layer. Leider hunn ech net d%u2018Meiglechkeet an d%u2018Gedold mech 15 Stonnen ob d%u2018Corniche ze stellen. Ech probeieren et gäeren mat 3 Fotoen, mee d%u2018Wieder spillt net mat. Fe Kadrage wäerd ech probéieren.
kokopelli 01.02.2018 - 22:40
Gedold......., dat klappt schon, fir 2 Foto'ën as dat do ganz gutt.
Infinity-Photo 02.02.2018 - 16:40
Waad mir hei enorm gudd gefällt ass, dass d'Uelzecht quasi d'Trennung vun Daag zu Nuescht mescht, lenks vun da Uelzecht ass et Daischter, Riets vun da Uelzecht ass et Hell. Tiptop. Allerdengs wéi schons gesood gouf, den Staeren Himmel uewen lenks ass zevill Gegrimmels.
Regiro 04.02.2018 - 18:33
Ech behalen sécher mol d'Versioun ouni Stären zeréck. Villäicht probéieren ech d'Kierch nach ganz an den Dag ze setzen, dat d'Uelzecht genau d'Grenz mëscht.
Merci fir däin Kommentar.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 256 Gäscht online