Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Fort Thüngen

Fort Thüngen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.01.2020). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2020
  • Gekuckt:
    54703
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    30 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1363
  • Späicherplaz:
    932 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Sony Alpha 6400
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Sony 10-18 mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90378]
Kommentar vum Fotograf:
De Fort Thüngen zur bloer Stonn
Paul-H 22.01.2020 - 20:42
Mol eng aaner Perspektiv, super.
Eric_1989 24.01.2020 - 16:48
Top
wuff 24.01.2020 - 19:14
Flott Perspektiv dat doten, an flott Faarwen giel mat blo. Den Himmel ass leider en bëssi langweileg an dominant, awer dat kann een sech jo net eraussichen. Ech hätt se am 16:9 gekroppt fir den haapt Sujet méi eraus ze hiewen.
Paul-H 24.01.2020 - 22:21
Daat mam 16:9 ass wirklech eng gudd Iddi.
lmayer 26.01.2020 - 07:23
Klengen Tipp, mat grousser Wierkung! De 16:9 wierkt sëch, wéi ee gesäit, wierklech positiv aus, manner Himmel a méi Accent op d'Gebai. Merci fir d'Kritik, Wuff!
Paul-H 27.01.2020 - 00:53
Gratuléiren zur WF.
gtaddei1 28.01.2020 - 16:12
Gudd gin , ech haett en villeicht e bessi geriit
lmayer 29.01.2020 - 19:14
Merci fir de Vote zur Wochefoto, huet mëch gefreet. smile

Et war mir just opgefall, dass méng Foto déi Kéier di eenzeg an der Selectioun war, obwuel ech perséinlech aner Fotoen, di déi Woch eropgeluede goufen, grad sou gudd, resp. besser mi méng fonnt hun.

Huet dat domat ze din, dass di aner Fotoen vu Leit eropgeluede gi sin, di am Jury vu Photogen sin, oder gëtt ët dofir en anere Grond, dee mir entgeet?

Et ass eng reng Fierwëtzfro vu mir, d'Fro soll op kee Fall iergendwéi wärtend opgeholl gin. smile
Paul-H 29.01.2020 - 21:25
Et gett keng Jury bei photogen, de Club ass opgeléist gin, ouni de Memberen Bescheed ze soen. Daat eenzegt waat et nach gett ass desen Internetsite no deem och net méi gekuckt gett. Alles schengt méi oder wéineger automatesch ze laafen bis et eng Kéier zesummenbrecht. Schued eigentlech. Et ass net déi éischten Kéier dass nemmen eng Foto zur Auswiel steet, et gouf och alt mol de Fall dass guer keng zur Auswiel stung, ganz einfach well keen eng an d%u2019Wochenofstemmung gestemmt huet. Ech an nach e puer aanerer lueden alt mol nach eppes rop mee et gett der emmer manner. Logescherweis kommen dann sou Saachen vir waat d%u2019Wochenfoto betrefft.
lmayer 01.02.2020 - 10:30
Ok, kléngt schued, dass de Site a Club nët weiderentweckelt gi sin. Fannen de Grupp vu Leit di hei poste ganz sympathesch an d'Kritike sin ëmmer zimlech hëllefräich an éierlech, wat op anere Site nët ëmmer de Fall ass.
Paul-H 01.02.2020 - 22:12
Wéi der hei nach méi waren huet et zwar och mol fatzeg an de Kommentaren geflaamt smile
pixelman10 30.01.2020 - 15:17
Loo wollt ech schon schreiwen: froo de Präsident vun Photogen: Oli Kerschen bigsmile bigsmile( ob et deen nach get hei ?)

De Paul war méi schnell.

Irgendeen Support kriss de hei net méi, de Site ass sech selwer iwwerloos !
Paul-H 30.01.2020 - 21:51
Et gett keen Club méi also och keen President méi.
Jo den site ass sech wirklech selwer iwerloos.
pixelman10 31.01.2020 - 08:32
Problematesch, e Fake-club, wou een nach ëmmer 12 resp. 20 Euro op e Kont kann iwwerweisen fir Member ze gin. E Fall fir BEE SECURE !
Paul-H 31.01.2020 - 15:19
Jo, deen Deel um Site misst onbedingt geläscht gin !
marker 03.02.2020 - 22:37
Schéi Liichtstëmmung a gutt presentéiert. De 'Recadrage' war hei dee richtege Choix

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 256 Gäscht online