Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Allgemeng Tipps »» Eng Foto ausriichten
 
Eng Foto ausriichten
An dësem Tutorial geet et net dorëm wéi een et mécht fir eng Foto riicht ze dréinen; dat ass relativ einfach. Am Photoshop benotzt der den Ruler Tool, der Zitt eng Linn déi dono soll riicht ginn, an dann klickt der ënnert Image->Image Rotation op Arbitrary. (Wann der dat méi am Detail wëllt erklärt kréien, den Masterpii huet do schonn en gudden Tutorial geschriwwen.)
Hei geet et drëms ze erkennen, wéini eng Foto schif ass, an wou no een kucken muss fir dass se riicht gëtt.

Sicht no vertikalen Linnen
Vertikal Linnen sinn méi oft riicht ewéi horizontal Linnen. Op enger Foto sinn horizontal Linnen en fait nëmmen dann horizontal, wann een am rietsen Wénkel zu der Linn steet, sou wéi bei der Mauer am Bild hei drënner.


Hei ass nach en Beispill, d'Trapen sinn horizontal am Bild wenn den Miau sech an d'Mëtt gestallt huet an am rietsen Wénkel zu den Linnen fotograféiert huet.

Original kucken.

E puer Schrëtt no lénks
Wann der elo z.B. dem Photoshop oder engem aneren Programm am éischte Beispill sot: "Dréin d'Foto esou dass déi Linn déi vun lénks no riets geet riicht ass." dann klappt dat an dësem Beispill. Mä komm mer kucken wat geschitt soubal mer e puer Schrëtt no lénks ginn.


Wéi der gesitt ass déi Linn wou virdrun nach horizontal war elo schif wéinst der Perspektiv. Déi Linn kënne mer also elo net méi huelen fir dem Programm ze soen wat "riicht" ass. All Kéiers wou der net am rietsen Wénkel zu enger Façade stitt déi der fotograféiert kënnt der déi horizontal Linnen net méi gebrauchen fir d'Foto auszeriichten. Sou ass et och bei dëser Foto vum mischii: Wann een dem Trottoir ënnen nogeet kritt een eng Linn déi vun lénks ënnen no riets biergop verleeft.

Original kucken.

Glécklecherweis sinn awer all déi vertikal Linnen vertikal bliwwen! Déi kënne mer also nach weider benotzen fir ze soen wat riicht ass an wat net. D'Fënsterrummen sinn riicht. Wann een der Linn vum Trottoir no kucken géif, géif d'Foto vum Photoshop nach vill méi no riets gedréint ginn!
(Eng kleng Remarque: mat vertikalen Linnen mengen ech déi wou vum Fotograf séngem Bléckpunkt aus net no riets oder no lénks kippen. Wann se no fir oder no hannen kippt, ass dat fir eis Fotografen egal, well d'Bild dono zweedimensional ass. Denkt z.B. un den schifen Tuerm vun Pisa, deemno vun wou een kuckt kippt en no fir oder no hannen, net säitlech.)

Den Bléck no uewen
Also, déi vertikal Linnen bleiwen am Prinzip vertikal. Dat klappt awer net egal wou am Bild! Kuckt emol dat Beispill hei drënner. Dat ass déi Vue déi een oft gesäit wann den Fotograf sech virun en Gebai stellt an no uewen fotograféiert.


Bei dem Beispill virdrun sinn déi vertikal Linnen alleguer vertikal bliwwen. Wann mer awer bei dësem Beispill déi lénks Säit vun der Mauer géifen als Referenz benotzen dann géif alles fuerchtbar kippen. Riets d'selwecht. Just d'Linn an der Mëtt vum Bild ass riicht bliwwen. Bei der hei Foto vum xaph32 gesäit een deen selwechten Effekt; hien stoung net am rechten Wénkel zur Mauer, an en huet no uewen gekuckt, an trotzdem ass d'Linn an der Mëtt riicht:

Original kucken.

Also wësse mer elo schonn zwou Saachen: vertikal Linnen sinn méi oft brauchbar ewéi horizontal Linnen, an déi Linn déi duerch d'Mëtt geet bleift riicht, esouguer wann duerch d'Perspektiv déi aner vertikal Linnen verzunn ginn. Natierlech kann een dat och express maachen. D'Foto hei drënner vum Val gouf un dem Luuchtepotto ganz lénks ausgeriicht, doduerch kippt d'Kierch riets immens staark, awer well een gesäit dass et express ass, wierkt et immens dynamesch an et gëtt der Foto e bëssen Pepp.

Original kucken.

Objektiv Verzerrungen
Dat éischt Beispill ass um Computer gemaach ginn. Wisou soen ech dat? Majo, an der Realitéit sinn d'Linnen op eisen Fotoen oft net esou riicht. Déi meescht Objektiver, besonnesch déi am Wäitwénkel, verzéien Linnen déi normalerweis riicht sollten sinn, an bombéieren se oder zéien se no bannen. Dat Beispill hei drënner weist ongeféier wéi dat z.B. bei engem Fisheye Objektiv kéint ausgesinn:


Dat doten Bild weist, grad ewéi dat éischt Beispill, eng frontal Siicht op eis Mauer. Mä anescht wéi beim éischten Beispill kënne mer hei och net méi egal wéi eng vertikal Linn benotzen. Déi Linnen déi baussen sinn, goufen bombéiert. Den Rondel weist wéi d'Distanz zu der grénger Linn méi grouss gëtt wann mer méi zu den Säiten vum Bild kucken. Anerersäits, déi Linn déi duerch d'Mëtt vum Bild geet verleeft alt nees eemol schéi riicht. Also, souguer wann der eis Mauer vun ënnen erop, vun der Säit a mat engem Fisheye fotograféiert, déi vertikal Linn déi am Bild genee an der Mëtt ass bleift riicht. Kuckt emol beim Spako senger Foto hei drënner: d'Linn déi duerch d'Mëtt geet ass schéin riicht, déi zwou op den Säiten sinn scho bal ronn.

Original kucken.

Pi mal Daumen
Souvill zum Prinzip no wéi enger Linn der kucken musst. Meeschtens ass do awer grad keng Linn an der Mëtt vum Bild déi een gebrauchen kann. An dann? Dann musst der iech déi Linn déi duerch d'Mëtt geet, an domat riicht ass, denken. Déi bescht Method fir mech ass zwou Linnen zu den Säiten ze fannen vun deenen ech weess dass se vertikal sinn, an an der Mëtt vun deenen hirem Wénkel fannen ech dann déi vertikal Linn déi duerch d'Mëtt geet.


Crop
Alles wat ech bis elo gesot hunn iwwert Linnen déi duerch d'Mëtt ginn bezitt sech nëmmen op Fotoen déi nach net gecropt goufen. Wann eng Foto op enger Säit méi wéi op der anerer gecropt gouf, dann ass d'Mëtt vun der gecropter Foto natierlech net méi déi selwecht wéi um Original. Also d'éischt riichten, dann croppen.

Wat ass alles vertikal?
Fir déi vertikal Linnen benotzen ze kënnen muss een natierlech fir d'éischt Wëssen wat esou alles iwwerhaapt vertikal ass. Verschidden Saachen sinn offensichtlech, sou hunn z.B. déi meescht Gebaier riicht Maueren. Manner offensichtlech ass et vläicht dass der iech d'Schwéierkraaft kënnt zu notzen maachen: All Seel, Ficelle oder Kabel déi roueg mat engem Gewiicht drun hänken weisen riicht no ënnen, well d'Schwéierkraaft se am rietsen Wénkel zur Äerd unzitt.
Dann nach en klengen Trick 17 un deen der vläicht net geduecht hutt: Waasser dat roueg steet ass ëmmer horizontal. Dat fir sech hëlleft net vill, well, wéi mer jo gesinn hunn, déi horizontal Linnen net esou genial sinn. Mä wann der d'Waasser als horizontalen Spigel benotzt, wësst der dass Alles wat sech am Waasser spigelt genee vertikal iwwert sengem Spigelbild wäert sinn. Kuckt z.B. déi heiten Foto vum ChLo:

Original kucken.

Alles wat iwwert dem Waasser ass gëtt nach eemol genee drënner am Waasser gespigelt. Nuets mat Luuchten déi sech am Waasser spigelen klappt dat menger Meenung no am beschten well déi kloer erausstiechen.
Och bei dëser Foto vum kiichiii hätt een vun der Spigelung kënnen profitéieren fir d'Foto ze riichten:

Original kucken.

Et gëtt awer och Saachen, wou ee mengt dass se missten riicht sinn, mä wou een getäuscht gëtt. Luuchtepottoen sinn a mengen Aen z.B. bal ni wierklech riicht. Dann fir all d'UrbExer ënnert iech, denkt drun dass an alen Gebaier déi Maueren wou emol eng Kéier riicht waren mat der Zäit zu enger Säit ewechsacken kënnen. Dann gëtt et natierlech och Gebaier wou express liicht schif sinn. Ech denken z.B. un e puer Gebaier um Boulevard Royal an der Staat.

Knëffleg Fäll
Bei dëser Foto vum alma kommen e puer Saachen zesummen:

Original kucken.

Hie stoung bal am rietse Wénkel zur Arche, mä net grad (soss géif een lénks net dat Bannescht vun der Arche gesinn). Doduerch dass hien liicht säitlech stoung kann den Horizont vum Waasser net riicht sinn, et geschitt dat selwecht wéi mam Trottoir an dem mischii senger Foto vum Pub. An esou koum et dass ech do riicht an d'Fal goung wéi ech fir d'éischt bei der Foto kommentéiert hunn. Mäin Ënnerbewosstsinn huet mer gesot dass d'Waasser ëmmer platt ass, an well et hei op der Foto awer schif war huet do eppes net beieneen ze passen geschéngt. Dobäi hat den alma sech richteg ugeluecht: en huet déi vertikal Linnen vun der Arche gekuckt, an déi sinn effektiv riicht, souwuel wann een den Säiten nogeet wéi wann een d'Arche mat hirer Reflektioun am Waasser vergläicht. Also huelen ech mäin Kommentar vun deemools zeréck: déi Foto ass riicht. Loosst iech net wéi ech vun aneren Saachen oflenken an kuckt just no den vertikalen Linnen.

En klengen Trick um Internet
Wann der um Internet féx an ongeféier wëllt gesinn ob eng Linn déi vertikal misst sinn et och effektiv ass, gëtt et en klengen Trick. Scrollt no ënnen bis d'Linn ëm déi et geet uewen widder d'Browserfënster kënnt. Wann der elo weider no ënnen scrollt, an den Punkt wou déi Linn an d'Browserrumm sech treffen sech dobäi no lénks oder riets beweegt, dann ass d'Linn kromm.

Den Viewfinder benotzen
Zum Schluss nach eng Iddi wéi der iech d'Aarbecht vum ausriichten um Computer spueren kënnt. Et gëtt natierlech vill Manéieren fir sécher ze goen dass d'Foto riicht gëtt, z.B. Waasserwoen. Mä wann der no den vertikalen Linnen sicht braucht der dat net: Déi meescht Viewfinder hunn bannendran Punkten déi d'AF Sensoren uweisen. Bei den meeschten Apparater hutt der een an der Mëtt, een genee doriwwer an een genee dorënner. Wann eng Linn déi vertikal an der Foto soll sinn duerch déi dräi Punkten geet, ass se riicht.


Ech hoffen dass dësen Tutorial iech hëlleft an dass mer dann an Zukunft méi riicht Fotoen op Photogen.lu gesinn :)

Merci un déi Fotografen wou mer erlaabt hunn hir Fotoen ze benotzen: mischii, Miau, xaph32, ChLo, kiichiii, Val, Spako an alma.
Geschriwwen vum gloda 12.08.2010, ass säit deem 20796x gekuckt ginn.
MarcGerard 12.08.2010 - 12:59

saugudd gloda, a villmols merci!
merci dass de mol déi sachen erkläert hues. ech hoffen dass vill leit dat hei liesen smile
mojikosu 12.08.2010 - 15:51
Villmools merci gloda fir deen top tutorial! Deen ass grad gudd komm! Mar geet et an d'Vakanz smile
rwp 12.08.2010 - 18:16
Top! Als Ufänger ewei ech, kann een dat direkt ausprobeiren.Merci
deBaemm 12.08.2010 - 19:43
verdammt nice dain tut. gilles!
rom 13.08.2010 - 08:29
Ganz gutt erklärt! Sou hues de engem daat mol richteg bewosst gemat, waat een virdrun dachs (nët ëmmer) schon onbewosst gemat huet. Merci
yannicon 13.08.2010 - 14:37
Gudd emol dorop opmierksam gemaach ze ginn... Super Tuto gloda
gogo 13.08.2010 - 16:43
Huet mer vill gehollef, waert an Zukunft daat berücksechtegen.

War flott ze liesen, super Beispiller, einfach erklaert, tiptop
10/10 merci !
ZerberuZ 13.08.2010 - 19:31
Ganz gudd dein Tutorial.
Du häss vleicht nach keinten erwähnen dass verschiden Fotoaparater können en Grid an den Sucher anblenden. Daat helleft och ganz vill.
gloda 14.08.2010 - 10:42
Dat ass wouer, un deem kann een sech och orientéieren! Dann muss een just drun denken dass den Grid oft d'Dräierregel uweist, an net d'Mëtt, also muss een sech eng Linn duerch d'Mëtt virstellen wann keng do ass.
Gaga 15.08.2010 - 13:28
Gut erklärt, an interessant infoen Gloda !
Merci fier desen Tut !

Ech well awer och nach en Tip mat op den Wee gin, villeicht kanns de en jo beisetzen :
http://www.wisdom-soft.com/products/screenhunter.htm

Eng Software fier Printscreenen ze machen, am jpg, tif oder bmp!
Flott as et kann een entweder den ganzen Schierm, dei aktiv Fenster, oder mat engem Fuedemkraiz en genauen Bereich kopeieren! (Waat fier een den sech fier Biller interesseiert schon mol interessant as! closed_eye )
Daat as dann och t'Hellef : et kritt een e Fuedemkraiz mat engem Klick, wou een dei Vertikal an dei Horizontal Linen kann kontroleieren, geet esouguer am PS mei schnell wei den Lineal oder eng Hellefslin ze benotzen, einfach F6 drecken an schon huet een sein Kontrollkraiz !

Greets
Johny 17.08.2010 - 00:44
Op engem Mac brauch een näischt esou, den huet dat alles direkt mat agebaut smile
Ganze Schierm CMD Shift 3
Fuedemkräiz CMD Shift 4
Eenzel Fënster CMD Shift 4 an dann Space drécken
Gaga 17.08.2010 - 00:49
hehe, ok, "speitsdens enn deser woch oder allerspeitsdens enn nächster woch" (!?!zitat:lineheart) kann ech daat gebrauchen, merci bigsmile
OK-Photography 15.08.2010 - 14:15
scheenial Geschicht!! as rechercheiert mee awer net ze komplizeiert, an mat den Beischbiller flott illustreiert! ;o)
gefellt mer - EXCELLENT Job! MERCI smile
Gaga 17.08.2010 - 00:50
gut Beispiller fier Beispillbiller ! cool
(so daat emol 10x hannerteneen! sceptical
ZachOry 07.08.2012 - 20:00
Mega, deen hun ech ze speit gesin! Daat do hot mir grad vill gehollef!!

Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 308 Gäscht online