Ech huelen ët als Kompliment un, wann een u menge Fotoen erkennt wée mai Vierbild ass: Duerch dëm A.A. seng Biller hunn Ech mëch ereicht richteg an S/W Fotografie verdéift a seng Biller sinn ëmmer ërem eng "source d'inspiration".
Donierwt sinn ët awer och Fotografen wéi de Michael Kenna,JihnSexton, Wynn Bullock oder och en Chip Forelli, déi mech ëmmer ërem fir de S/W-medium begeeschteren.
Dat as och ee Kompliment, well déng s/w-Fotoë fannen ech extra gudd. Ech selwer wollt an der Zäit och emmer der sou maachen, an hun dofir ech wees net wéivill Ilfords beim Fotograf an an automatiséierte Laboë verhonze gelooss, well ech ze feig war, fir selwer entwéckelen ze léieren. Mais lo mat der digitaler Dunkelkammer as dee Problem geléisst. Ech hun och eng Foto vun der nämmléchter Plaatz vun der Kaunereferstrooss erof op de Stau am Februar d'läscht Joer gemaach an ähnléch verschafft. Ech hun se, mengen ech, awer nach net eropgeluëden, mais wann et déch interesséiert, kann ech dat jo mol eng Kéier maachen.
Sorry, hat däin Kommentar hei iwersinn, mee natierlëch ging mëch déng Foto interesséieren.
Waat S/W-fotoën ugeet sou hat Ech d'Chance am Déifferdënger Fotosclub de ganze Prozess vun der Entwëcklung bis zur färdeger Foto kënnen ze léieren, hun esouguer meng Infraroutfilmer an der Zait selwer entwëckelt. 2000 hun Ech awer meng lescht Foto an der Dunkelkammer vergréissert, mée op jidde Fall huet Dunkelkammeraarbëcht mer eng zolid Basis ginn, vun där Ech och nach an der digitaler Ära profitéieren.
Wiirklech immenz foto, gudd contraster dei erfier kommen, just daat klengt gebüsch steiert mee kanns jo soss op di plaatz zereck goen an nach eng keier maan