Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Petra - Jordanien

 
Petra - Jordanien
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.03.2008
  • Gekuckt:
    28548
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    375x500
  • Späicherplaz:
    27 KB
  • Originaldatum:
    5.3.2008
  • Fotoapparat:
    Fujifilm Finepix S9600
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=25568]
Kommentar vum Fotograf:
Petra an Jordanien - genial!
Kwitchibo 10.03.2008 - 12:34
wow dei Plaatz geseit ultra geil aus!!!

bon deng Foto as bessi kleng an wirkt net scharf op mech an as secher mei kleng gemach gin also un schärft verluer

an Exif dateien geifen hellefen fir dir nach sachen ze soen!

mbG

MARC
Jefferson 10.03.2008 - 12:42
Yeah dei Plaatz ass wirklech deck rau

mee foto iwerzeech mech net sou
et feelt definitiv un schärft

EyE 10.03.2008 - 13:42
rau ... do as den indiana jones and the last crusade gedreint gin ...

http://www.ccds.charlotte.nc.us/History/MidEast/03/cornwell/Indiana_Jones_pic_Petra.jpg
MarcGerard 10.03.2008 - 14:00

dat hat ech coh geduet... woar mer awer net secher bigsmile

cool platz, hues de nach méi ?
Polinger 10.03.2008 - 15:19
schéin, gefällt mer gudd... den bléck gett duerch dei zwee fielsen op der säit direkt op daat an den fiels gemeesselt gebai gelenkt cool cool .... well och mol dohinner cool
Syacelion 10.03.2008 - 20:44
Fir déi déi Petra nët kennen an nach keng Fotoen gesin hun, as unzemierken, dass déi Fassade RIESEG as! De Khazne al-Firaun gesäit och vum Helikopter a souguer vum (relativ niddreg fléihenden) Fliiger nach impressionnant aus. An et as an, resp. aus dem Fiels gemeesselt, een eenzeg Stéck Steen daat Ganzt.
Petra louhnt op jidde Fall eng Visite, an do get et ganz Villes ze gesin, am Beschten bei oder souguer virun Sonnenopgang do sin an lassmarschéieren (oder -reiden). Dat hei as nëmmen een (obwuel den bekanntesten) Highlight vun enger märchenhafter Entdeckungsrees, déi éischten impressionnant Front déi een gesäit, nodeems een duerch den Siq, een etwa 2km laangen, bis iwwer 150m déiwen an plaatzeweis keng 3 Meter breeden Canyon, eroofkomm as. (Zuelen sin spontan aus der Mémoire, virsiichteg geschätzt closed_eye )
Absolut beandrockend sin déi immens Texturen am Steen, ech lueden séier eng rop wann ech eng fannen. Louhnen deet sech en Daag zu Petra op jidde Fall, eng Géigend voller Skulpturen vun der Natur, den Nabatäer, de Griechen an de Réimer déi no laangen, laangen Belaagerungen dëst Fielsenvolléck schlussendlech dach ënnerjocht hun. Fir d'Aan an de Foto Apparat get et hei Griewer, Tempelen, Höhlen, Schluchten, réimeschen Theateren a Paläst, Beduinen deenen hier kleng Kanner heeschen gin, an munchen Ieselen a Kaméiler op véier oder zwee Been.
Am Beschten besicht een Petra vun Aqaba aus, wou een wierklech bëlleg e puer wonnerschéiner Deeg um an am Roude Mier verbréngen kann beim Schnorchelen oder Tauchen.
An daat sin just e puer vun deenen phantasteschen Siten an dësem aussergewéihnlechen Land tëscht Israel, Syrien, dem Irak an Saudi-Arabien! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

downwards

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 331 Gäscht online