Wow, hoffen du hues e bësschen Zäit, war ëmmerhin 3 Stonnen am gaang.
Ech schaffen am CS4 an zur Hëllef benotzen ech Soft vun NIK Software. (Ass zwar schäissdeier mais dofir awer och saugutt). NIK huet een neie Programm, VIVEZA 2 erausbruecht, an ech wollt emol kucke wat den am Bauch huet. Dobäi ass dat heiten erauskomm.
Ett sinn am Fong 3 Phasen.
1) Faarwen a Kontraster mat Viveza 2 op 3 Ebenen (Himmel, Sand a Planzen)
2) Déift an Plastizitéit: Den Himmel soft fokusséieren, an de Virdergrond op 3 Ebene Schärfen (Sand, do Planzen zum Schluss d Planzen am Virdergrond a verschidden anerer nach eng Kéier), do muss een natierlech oppassen.
3) Fir d Plastizitéit méi ervirzehiewen hunn ech d Bild vignettéiert andeems ech d Ränner liicht ofgedonkelt an de fiichten Deel vun der Dün opgehellt hunn.
Wéi s de gesäis, ass ëtt am Fong einfach, du muss jüst e bësschen Zäit a Fantasie hunn, voilà
Merci fir d'Erklärung. Mat den Faarwen gefällt mer besonneg den Iwwergang am Himmel op den gielzegen Toun uewen.
Lo wous de sees dass d'Planzen eenzel beschafft goufen as mer nach eppes opgefall, d'Planzen ganz fir, déi hun keen gudden Iwwergang zur Hellegkeet vum Sand. Wanns de den Effekt deen d'Planzen vum Sand ënnerscheed mat engem Gradient maskéiers gesäit et manner aus wéi wann d'Planzen dropgepescht goufen.
Hun och op NIK getippt... Glamour Glow mat Mask... Ass wirklech een starken Effekt!
"Be careful with that Axe, Eugene" (Pink Floyd) ...et sin aaner Leit hei um Site déi desen Filter misbraucht hun an dofir erkennt een en erem...
Ummagumma, mat engem sauflotten Cover, hunn se direkt opgeluecht ... richteg was du sees, do muss ee gemittlech mat den Regler emgoen, soss deet ëtt wéi an den Aan!
Jo, mais se gefällt op allefall. Et ass just dobei emmer den Wiedererkennungseffekt deen net sou gudd ass. Awer hei hues du souwiesou jo net nemmen einfach een Filter dropgejummt.....
Ech hoffen Ummagumma gefällt dir. Se ass e bessi psychedelesch awer daat lescht "A Saucerful of Secrets" ass absolut den glanz sou ab der 7ter Minute.
ech mengen ech hunn alleguerten Lidder, ... bei mär ass nach emmer den Shine On You Crazy Diamond (I II) de non plus ultra, merci nach an Jai Shantideva
Ganz speziell verschafft, a méga flott. D'Foto fannen ech ganz gudd kadréiert, an durch déi durchgehend Détailschärft am Bild entsteht eng énorm Plastizitéit.
Exzellent..!!
joooh Camargue as the place to be
einfach dozou bestemmt sou fotoen ze maachen!
weesnik weieng ma besser gefellt...vlait dei eischt...well den accent manner um HDR lait...hai as ma schons baal zefill...
trotzdem schein scharf an herrlech fill Detailer dran, gefellt mer!! ...silence
hmm, dat ass effektiv meng Foto! ...boaah, ech komme mär es guer nött zou!
ech ka nemme Merci soen fir déi schéine Chreschtcado, nach gudd Luucht fir jiddereen!