Sinn zimlech cool well sou reduzéiert, bass no drun.
Wous mer lo direkt opfält ass den Schiet vun senger Nues op béiden Säiten wéinst der Schéier, do muss een fannen ech ëmmer oppassen well et stéiert.
Bei der éischter ass ënnen seng Schëller ze vill fannen ech, dat ass sou eng hell Sträif déi oflenkt, einfach wech schneiden. Hat gesäit och en bëssen erféiert do aus, ass zum engen well et sou grouss Aan huet (Sauerei, dat ass dach schéin! XD), mee och well et sech sou riicht hält, Kapp en bëssen no vir gekippt an evtl. d'Aan nach liicht méi zou, dann ass gutt.
Ahjo, déi läscht ass déi bescht, gefält mer richteg gutt! Kéint ech mer och als gudden SW vierstellen.
Edit: Froen mech lo op den 3ten Bléck op säin Aan net sou grouss wierkt well d'Stier vun den Hoer verdeckt ass...?
reduzeiert war dZiel, fannen et iergendswei mei spannend sou prezis mat der Luucht ze schaffen...
dSchéier, wei emmer, derbai :P (mengen dei as an bleift afdg)
okay zu där eischter, probeiren do mol waat een Crop mer brengt! ech hun dei och nach am Breedformat, gefällt mir amfong och...
Hat huet zimlech grouss Aan, an sou riicht Hoer dass een mat denen dGesiicht perfekt rummen kann...
Salut bp
wannste nach gezielt eng kappluucht, respektiv eng effektluucht op den hannergronn giffs setzen kéins du d'model nach gezielt méi plastesch (am senn vum 3 dimensional) ofliichten ... daat giff der photo nach en bessen méi raum gin.
jop, hun der och mat backlight, as awer dann zimlech klassech gin (an dWollkapuz haat eng zimlech ronn Form dei net ze vermeiden war) - ouni dei Luucht kann een mei prezis schaffen an dGesiicht stecht aus der Daischtert raus, waat mer HAI besser gefall huet!
as awer schon wouer dass een klengen Spot vun hannen et definitiv kann ausmaachen!