Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ZZ 2

 
ZZ 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.08.2013
  • Gekuckt:
    9384
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x491
  • Späicherplaz:
    347 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73955]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hunn e puer Idien, déi an de Kommentaren ënner dësem Bild ZZ
waren ausprobéiert,
hei ass d'Resultat

klick och drop w.e.g
luxiline 01.08.2013 - 13:26
also ech fannen se am Original méi flott. Et gesäit ee jo souwisou datt se gespigelt ass, firwat sollt een dat net zouginn?
mischii 01.08.2013 - 13:35
ech weess och nach net sou richteg wat ech dervun hale soll, a waarden mol gespaant op weider Kommentaren, jiddefalls en décke Merci un Dech luxiline fir Deng Meenung
(si selwer och keen sou en décke Bastler am PS smile )
suraki 01.08.2013 - 17:18
jo ech sinn experimentéierungsfrëndlech, ... awer liddereg ze schreiwen tongue
mischii 02.08.2013 - 04:19
da so mer awer lo just ob ech et richteg oder eppes Langweileges gemaach hunn, oder vläicht och falsch, haat sou vill Proposen an lo äussert keen sech, ass och e bessi frustrant!!
suraki 02.08.2013 - 10:27
Ech duecht du häss verstanen dat se mer esou guer net gefëllt, den sch/w Kontrast riets, lenks am Himmel döet mer wéi an den Aen.
... dat war awer och schonns an enger Juryen de Fall, an et ass duerno eng Mentioun erauskomm, also puren afdg closed_eye
mischii 02.08.2013 - 20:49
merci Edy, ech sin lo och der Iwwerzeegung dass, déi éischt Versioun déi Bescht war(ech ka jo nach e bëssen op der Plage botzen, sou wéi de Jacques et geduecht huet.
Dem JPS säi viirschlaag mat hallef Faarw an hallew s/w hun ech guer net probéiert, do kruut ech schon Hengerhaut wann ech nëmmen dru geduecht hunclosed_eye
mee wéis de ganz gudd sees et ass alles afdg
Jean-Jos 01.08.2013 - 21:59
Ganz spannend op alle Fall.
Ech froe mech wéi se wierke géing wa se manner breet wäer, mat engem gudde Stéck riets a lénks manner?
mischii 02.08.2013 - 20:38
probéiren dat dann och nach closed_eye merci Jean-Paul
Jeanny 02.08.2013 - 06:45
dai hat ech jo nach net gesinn, einfach cool Michèle, gefäll mir immens gutt
mischii 02.08.2013 - 20:39
merci Jeanny
Jacques 02.08.2013 - 08:53
Bei dem warmen Wieder sin ech och schreiwfaul mee ech versichen der awer ze erklären wat ech gemengt hunclosed_eye
Deng Idee an Emsetzung bei denger Foto gefällt mer gudd, mee schléissen mech dem luxiline un. Déi eischt gefällt mer bessersmile
Wat ech gemengt hun ass: op denger eischter Foto hues du markant Punkten déi engem op béiden Seiten vun der Foto direkt opfalen.
Daat sin d'Wellen vum Wasser an déi zwee schwarz Punkten am Sand.
Bei den Wolleken fällt et net esou op.
Wanns de op enger Seit vun denger Foto eppes änners, ewéi een schwarzen Punkt ewech stempels oder op enger aaner Plaaz setz dann fällt dat net esou op dass d'Bild gespijelt ass. Ech verstin dass dat net einfach ass wann een den PS net esou gudd kennt.
Ech hoffen ech konnt mech gudd genuch ausdrécken wat ech gemengt hunsmile
mischii 02.08.2013 - 20:43
ass tip top ausgedréckt!
Merci fir deen laange Kommentar an Deng Méi,
no laangem Gepiddels um Bild mengen ech och dass dat déi bescht Léisung ass
jorsch 04.08.2013 - 18:06
Mir gefält d'Original och vill besser!
mischii 05.08.2013 - 23:40
mir och, merci jorsch
Frasigi 04.08.2013 - 21:28
Überraschend neue grafische Wirkung! Das ist echt Poppart! Dabei könntest du vielleicht nochmal ausprobiren den mittleren Baumstumpf in einer Version zu lassen, statt ihn zu teilen; das irritiert mich etwas.
mischii 05.08.2013 - 23:40
merci Sigi
jps 05.08.2013 - 13:49
War e Versuch wärt, mee d'Original ass besser.
mischii 05.08.2013 - 23:40
sin d'accord, merci Jean-Paul

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 223 Gäscht online