De Rétroéclairage get dem Bild eng Theateratmosphär; Bühn uewen dezent beliicht an de Publikum généisst vun ënnen aus dem däischteren eraus di fantastech Dekoren a waard ganz gedeleg awer mat Spannung op den Optakt vum 1. Akt.
A séng Wieder sin natiirléch fir méch eee gespaantene Bou, fir dee Feil vun der Inspiratioun weider ze schéissen: do aus der Luucht vum Backstage kënnt eng monumental Ouverture am Stil vu Wagnesch Risch an iwwerschwemmt mat hirem Klangschwall de Publikum an der Loge lénks an am Parterre vir. Ech sëtzen hei an enger Oper, ech ka méch just net decidéieren, ob an enger vum Carl Maria von Weber oder vum Wagner. Haupeschbaach wier jo awer éischter da Weber, mais soit