Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Antarktis

 
Antarktis
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2006
  • Gekuckt:
    24067
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/4.
  • Brennwäit:
    16,7 mm
  • ISO:
    64
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x684
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
    5 jan 2005
  • Fotoapparat:
    Sony DSC F-828
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» WaasserausblĂ©ck
Extras:
e puer Hännschen

Fir anzesetzen: [pg_img=10410]
Kommentar vum Fotograf:
Antartica!!
Waat en ERLIEWNESS. Do kennt een sech wierklech ganz mini kleng fir.
Hutt dir dei 6 kleng Pinguinen gesin?
Sam 24.09.2006 - 22:22
Boah! gett mer kaal wann ech se kuknclosed_eye! Gefaellt mer eigentleg gudd! Mee wat hues de do mam Wasser gezwafft?
moustique 24.09.2006 - 22:28
ech hun do nemmen eng Foto gemach an d'Waasser mat rou geloos,smile
daat wat's de do esou cool blo gesais ass den Eisbierg enner Waasser. 8/9 vum Eisbierg ass enner Waasser.
Sam 24.09.2006 - 22:28
Ahhh sou! Muss zwar impressionant sin!
Knolles 24.09.2006 - 22:24
/removed/
moustique 24.09.2006 - 22:29
jo, esouguer wann d'Sonn nett schengt. Dei Farw entsteet durch d'Compressioun dei op d'Eis ausgeübt gett.
Knolles 24.09.2006 - 22:32
/removed/
Aleyshia 24.09.2006 - 22:34
Ech wor lo an Island op Jokulsarlon Eisbierger kucken an wor net scheint Wierder...mier kruuten dunn erklärt dass d eisbierger awer graad sou blo sin wann Wierder gro ass...wann Sonn schengt, geseit een och op postkaarten, gesinn se all weiss aus...
Knolles 24.09.2006 - 22:37
/removed/
moustique 24.09.2006 - 22:37
an?
Knolles 24.09.2006 - 22:42
/removed/
sanitel 24.09.2006 - 22:29
immens schein wei dei bloo faarf trotz dem ,,schlechten'' wierder raustescht, an d'faarf ennerwasser och nach bis op puer meter no ze verfollegen as
Kleent 24.09.2006 - 22:42
immpressionant an zuglaich grugeleg... sceptical closed_eye
ech sin... wow... ech fannen keng wierder bigsmile
Soulwax 24.09.2006 - 22:58
wwoww smile hun den eischten moment geduet dei foto do keint net richteg gemaach gin sin .. tiptop smile
JADE 24.09.2006 - 22:59
Déi ass erëm eng immens schéin Foto ... an TOP-Tip-räif

ët gesäit een och ganz gutt daat waat's du an d'Aleysha ons erklären ... doduerch dass ët schlecht Wierder ass (gesäit een un der donkler Faarw vum Mier an vum Horizont) kënnt deen türquoisen Halo ronderëm den Eisbierg iwerhaapt zum Viirschäin ...

Ech erkennen just 5 Pinguinen ?

P.S.: ech widerhuelen mech, mee dëss Userin huet nach vill aaner schéin Fotoen op Lager ... gitt emol hei laanscht kucken!!
www.flickr.com/photos/wistiti

Ochiniwa 24.09.2006 - 23:09
hehe 6 Pinguinen...deen ganz lenks sinn der 2 (dei aaner lenks)
JADE 24.09.2006 - 23:22
Aaah ... siamesesch Pinguinen sin daat! ...

Haat emol eng Kéier nët grouss ungeklickt ... esou beandrockt war ech vun der Schéinheet vun dëser Landschaft ..
Ochiniwa 24.09.2006 - 23:10
Hmmm... war ursprünglech dovun ausgaangen et wier eng Photomontage... seier driwergeclicked, dun hun ech d'Kommentarer gelies... an elo staunen ech just! daat muss eeng gesinn hun! mei wei beandrockend.!
MarcGerard 25.09.2006 - 01:00

impressionant! mäer villen eis esou grouss, mee mäer sin dach nemmen esoooou winzegbigsmile déi foto grfällt mer immens gudd! gudd gesin, an gekonnt gehol! ;D
Penguin 25.09.2006 - 16:06
Wow, iwwerweltegend. D'Eis am Waasser, waat hellblo schéngt fannen ech immens. D'Faarwen wirken kaal & lieweg zugläisch.

Do sin jo di aaner Kléng aus ménger riesen grousser Famill closed_eye
elmuzo 25.09.2006 - 17:46
Hei ass schon alles gessot didjeu .. gefällt mer megagudd ... ass awer nemmen cool bei där location closed_eye
dendan 25.09.2006 - 18:26
Hat mol eng Kéier e Kommentar heihigeschriwen... wou as deen dann hikomm?? Fier mech as déi do einfach nemme genial, Farwen, mee och Bildopbau si Super, richteg Cadréiert... Dofier hat ech se och als Topfoto firgeschloen, mee bon... die Hüter des Grals hun et aanescht gesin!! Wann ech awer dem moustique seng Fotoen op Flickr kucke gin, dann huet hat nach vill Fotoen, déi hei an d'Topphotoe gehéieren, dofir waert d'moustique deen negativen Avis vun der Jury och net "tongueikken"closed_eye Super Fotografin! All Respekt!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 556 Gäscht online