hm wi soll ech soen, ech fannen di zwou einfach "gro" bessi fad fir eierlech zesin, hätt vlait mei matt beliichtung an denger platz geschafft (wees lo nit op der equipement zur verfügung stoung), en plus wier vlait een aneren hannergrond nit schlecht gewiescht oder eng aner blouse, dass dat ganzt bessi mei pepp gehat hätt!
fir de recht fannen ech et een interessanten model, fro et roueg mi oft vill erfolleg weiderhin matt dengen studioopnahmen!!
Daat mat den weinegen Faarwen war sou gement fir den Bleck op sain Gesiicht ze lenken. Faarwegen Hannergrond an faarweg Kleeder sin natierlech och eng Idee, mee ech muss mer fir d'eischt emol e puer kaafen (Hannergrenn).
Op dëser Foto gesin ech genau dat, wat ech beim Kommentar vun déer éischter gemengt hun.
An dann nach dat heiten: Dee groen Hannergrond mat enger Blouse mat groe Sträifen as gudd gewielt. Do gët de Blëck einfach op däi Model gezun ouni vu Schnick-Schnack ofgelenkt ze gin. Well et kee Schmuck unhuet, gët daat esoguer nach verstäärkt. Jhust schued datt et sou wäit riets steet. Ech fannen et awer eng gudd Aufnahm.
Vun den Faarwen gefällt se mir och zimmlech gutt ...
an:
deen Cadrage passt mir graad gutt hei, esouguer nach een bësschen méi riets oofschneiden, an den Kapp riicht haalen ...
just, ass fir mäin Goût seng lénks Gesiichtshalschent e bësschen ze däischter geroden ...
an een méi "strikten" Gesiichtsausdrock vun dengem Model, hätt och nach besser bei deen flotten schlichten minimalisteschen Hannergrond an Outfit gepasst ... fannen ech emol ... ) ...
mee bon daat ass dann direkt och een aaneren Stil vun Foto ... deens du villäicht nët wolls machen