Jo hun des Foto dest Joer pengschten an der Provence gemaach! Dei glieser hun sou flott an der Sonn geblenkt dass ech mer geduecht hun dei misst ech festhaalen;)
sin gespaant wat der dovuner haalt
Mir gefaellt dess Foto tiptop, well
- et en flotten Kontrast teschend den Glieser (duerchsichteg, brong) gett
- et esou gesinn een flotten Arrangement ass (ongeweinlech)
- et blenkt schein an der Sonn weis de schon gesoot hues
- d'Glieser oofgeschnidden sinn (virun allem ennen) (waert net jidereen denken wei ech elo), ech fannen daat passt bei esou een zoufaellegen Arrangement
Ech machen mir ët dëss Kéier emol einfach ...
ech gin dem Coolpix vollkommen Recht ... an allem waat hien schreiwt ... hien huet genau daat geschriwen waat ech soen wollt ...
ech fügen nach derbäi, dass déi Foto och seng Plaaz z.B. an enger Dekoratiounszäitschrëft fonnt hätt ...
voilà ... gutt geschafft
P.S. deen "Staer" um Bord vum Glas gefällt mir och besonnesch gutt ...