Extras: Stativ an dem Lydie säin Tele, merci ;) (mäin ass an der Reparatur)
Fir anzesetzen: [pg_img=11377]
Kommentar vum Fotograf:
jo haut am Mëllerdall gemaach. Ech wees net sou richteg, sin mer net eens waat ech derfun soll haalen, dofir well ech et elo gesinn hei Kritiken reenen vun ierch! Awer heftech.
Mh also vum éischten Androck hier fannen ech se ganz schéin.
Mee daat extrem wäisst fiir stéiert mech awer e bessen...
D'Blierder op de Steng fannen ech zimmlech flott well doduerch méi faarw an d'Bild erakennt...
Jo... wees elo net direkt wéider eppes ze soen ...
Ob den éischten Bléck gefällt se mir gudd. Flott Resultat mat der Laangzäitbeliichtung!
Ech muss awer soen dass d'Foto mir mat mei Kontrast an Saturatioun (+- 10) besser gefällt. Daat bréngt zwar mat sech dass daat Wäisst fiir nachmei hell gëtt, mee trotzdeem gefällt mir d'Foto insgesamt dann awer besser.
Dei puer Ebenen am Bild fannen ech flott, genau esou wei dei schéin gring an brong Faarwtéin.
Saturatioun huet se schonn, mee däin +- 10 seet guer näicht äus, well all Programm huet do eng aaner Skala Wann ech déi alelrdings nach méi ropdrécken gëtt d'Gring ze vill onnatirlech. Waat ech misst maan ass d'giel an d'rout Téin verstärken ... ech wees dass et geet mee ech wees net wéi
Du hues dach den Aperture. Ganz ënnen an der Lëscht vun den Verännerméigléchkeeten, do as esou ee Blalken mat farwege Quadrater. Wanns du do ee Quadrat uclicks, z.B. dat roud, da kanns du alles wat roud an dénger Foto as verstärken oder desturéieren, farfléch méi op blo oder op giel zeéien, da Gamma veränneren asw. Fir gring kanns du do, wann ech dat gudd an Erënnerung hun, den Toun vun cyan op roud veränneren. Méng Foto vum Eiger bei Sonnenënnergank as och esou "agefierft" gin. (cf n° 11060) Probéier mol domat, fir d'Farwen ze veränneren. Dat geet nämléch vill besser, wéi mat deene klassesche Filteren, wou s du emmer irgend ee Farfstach an dat ganzt Bild kris. Mam Aperture as dat net esou. Op alle fall hun ech déi Erfahrung scho gemaach.
Ah sou OK. Jo sou genee hun ech den Aperture nach net ennersicht, bon am fong kennen ech en zwar scho besser wei ech je den PS kannt hunn, mee eben nach laang net alles. An selbstverständlech ass et besser et am Aperture direkt ze veränneren matt der RAW File. Och heifir rem Merci!
Resultat vun der Langbeliichtungszeit: d'Waasser fléisst ziemlech onnatierlech duerch den Mellerdall. vielleicht wollst du se jo och sou hun... who knows... d'Hierschtfaarwen gefaalen mer awer gudd!
Onnatirlech? Laangzäitbeliichtungen bei Waasser gesinn nie natirlech äus, normal well et ass net daat bild waat mir gesinn wann mer et kucken A wann ech et net sou gewollt hätt, hätt ech se jo och net sou gemaach, also ech wees scho waat ech wëll an maachen
dovun sin iwerzeescht, dass du daat mess waats de wells maan c'est la liberté de l'homme! ass halt just eng affaire de goût ou bien de la perception! nothing more! nothing less!
Gefällt mer eigentlech ganz gudd mee d'Waasser ass effektiv wei schons gesoot am Virgrond e bessen ze hell. och hätt ech villäicht mei no lenks photografeiert? deen zentralen Steen ass e bessen ze zentral ... ass esou en Androck. D'Farwen and Schärft fannen ech 1a
flait eng gretz manner lang beliicht wier hei mei gewierscht. ennen geet et shon ganz extrem an d'waisst ran wi jo schon puer leit hei beschirr hun, doduerch wierkt dee mettelse steen an deen lenks hei fier bessen monteiert, mei uewen wierkt en natirlech, sou wei en jo a wierklechkeet as
Montéiert? Daat verstin ech zwar lo net wisous de daat sees. Matt net su laang beliicht, jo daat stëmmt wéi eben scho gesoot wéinst dem ze helle Waasser fir.
hmm wi soll ech mech erklären, eben well d'waasser ze schnell leeft, gett et sou waiss, dat sech dat gréngt, resp. de steen vill ze vill ofhiewen an doduech ausgesin wi nodreiglech drop gesat.
me bon, d'leisung as jo eben eng besse mi kuerz beliichtung.