Mir haaten eng Reih spillerech Fotoen gemaach mat den Loftballonen an dun hun ech mer geduercht et keint een domat och eppes verdreemtes maan. Also hei d'Aline e bessi mei nodenklech. Freen mech op all Verbesserungstip.
... just ... hmmm .... fir deen nodenklechen, resp. dreemereschen, Touch hei eran zekréien ... hätt een, mengen ech, déi Ballonen nët an kaalen Faarwen sollten huelen ... ass villäicht een Detail ... mee ech mengen, dass ët daat ass waat d'Bild éischter an déi "Trauregkeet"'s Versioun leet ...
an villäicht och e bësschen méi vum Bléck weisen, awer nët alles ...
ech hun e bësschen erop an eroof gescrollt ... an hun ët och gutt fonnt wann uewen nach méi vum Kapp geschnidden ass (esou ongeféier 1cm um Ecran)
an nach lénks uewen déi Duchfaal "ewegstrecken" ... ) ... (daat do war elo just nach déi kleng Ierbs, déi ech hei ze zielen haat ... ) ... ) ... riets ënnen stéiert se mech nët esou ...
merci jade, en ganz hellefraichen kommentar!
mat den ballonen keinst de recht hun, lo wous de et sees liicht et mer an
mam hannergrond muss ech effektiv och na bessi schaffen, bzw. mer eng konstruktioun maan, dei bessi op den saiten vum stoff zitt dass et riicht ass
och dain neien cadrage fannen ech flott. wert daat mol emsetzen, awer mengen ech nemmi photogen domat belasten, merci