Wollt mol probéiren vir eng foto schief ze maan, och wann lo naischt riicht ass, an den horizont kromm, fannen ech datt des foto net sou schlecht gin ass
Ou, mol een deen de Vote 1 gebraucht. Wosst nët dass et daat iwerhaapt geng gin
Ech hun heiansdo den Androck dass et jo scho baal en Gentlemen agreement as, dass Nummeren ënner 6 hei am grousse Ganzen nët gebraucht gin.
Mee et gët jo och eng Skala vun 1-10, da soll een se och gebrauchen.
Du sees wat ech schon zënter enger ganzer Rei Wochen denken. Skala vun 7-10 giff duergoen wann ee kuckt wéieng Voten dass a leschter Zait sou ofgi gin. Dobäi heescht eng 6 jo z.B. nach ëmmer dass engem d'Photo gefällt. Wann ech kucken wat am Ufank vu Photogen-Zaiten gevote gin ass an dat mat haut verglaichen ...
hehe Gentlemen agreement net, mee muncher een well keen Vote wann en net iwer 5 geet Ech perseinlech voten nemmen wann ech d'Photo och wirklech gudd fannen, also ab 7 . Well kengem ze fest op d'Feiss treppelen.
Hun awer schon munch Photo mat manner wei 5 gesinn..
iergendwi hun ech d'gefill dat dem Knolles sein kommentar eng antiphrase ass...... D
mir perséinlech ass se bessi ze kromm, deng foto...
iwwert di däischtert streiden ech nach mat mer selwer, waat ma gefaellt ass d'sonn di duerch d'wouleken bletzt, waat allerdings bei enger riichter foto besser gif rauskommen...
Jo, effektiv, vill Leit voten och guer nët, waat ech och schued fannen (ausser lo bei User-Fotoen oder Rätselfotoen asw.)
Et kascht jo nët vill, zousätzlech zum Kommentar nach e Vote ofzegin, och wann deen lo nët immens ausfällt. Da wëssen d'Leit awer wéinstens, wou se dru sin.
Ech fir mäin Deel probéieren daat bei deene meeschte Fotoen och ze maan wou ech e Kommentar schreiwen.