Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

be cool

 
be cool
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.11.2006
  • Gekuckt:
    16991
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/8
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x619
  • Späicherplaz:
    148 KB
  • Originaldatum:
    17/11/05
  • Fotoapparat:
    Dynax 7d+sigma dc 18-50mm
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
sephia Tein mat virtual photographer/PSCS2

Fir anzesetzen: [pg_img=12048]
Kommentar vum Fotograf:
sin meng nei Studioluuchten am testen , leider ass mer eng vun deenen zwou Biiren schon beim unmachen geschmort, hun also mol mat enger geschaft vir unzefänken :o)
Luc_69 19.11.2006 - 10:23
ISO 400 an dann f6.3 mat enger 1/8s ???

Hmm ok du schreiws deng 2 Bir ass futti gang, dat geif ISO 400 erklaeren, 1/8s bei 50mm geht net. Selwechten Fehler wei bei dengem aneren Portrait. Mach deng Blend mei weit ob wanns de net genuch Luucht hues an stell eng gescheit Beliichtungszeit ann. Dann waers de gesin dass et besser get.
Iwriens fannen ech des Foto besser wei dei aner vum Cowboy.
Sylvia 19.11.2006 - 14:19
Oui chef surprised) Verspriechen mech ze besseren!!
Luc_69 19.11.2006 - 15:57
smile Gei der mol meng Fotogallerie ukucken, dann geseis de wat scharf Fotoen sin.
Lo mol ganz onofhaengeg ob der mein Style gefaellt oder net. D'Physique kanns de net iwertrompen.
Et sief dann du haess en Objective oder eng Camera wou en Verwacklungs Stabilisator dran waer. Do geseit et dann natierlech ganz aneschters mat den Zeiten aus.
kanufla 19.11.2006 - 12:54
fannen des Foto besser wei di aaner di Pose gefäallt mir besser mee sain rietst Ouer as mir ze donkel
Sylvia 19.11.2006 - 14:22
Messi :o) dat ass zwa gewollt, wollt mam Schied spillen soss hätt ech jo einfach nemmen breicht d'Luucht emzestellen oder den Bletz dobeizehuelen :o)

Mais mol eng aaner Fro , wees jo net op ech mir dat elo abillen mais ass se net eng grimmel iwerbeliicht ?
-Laurent- 19.11.2006 - 17:22
hmm ok dann kucken mer eis des mol un
bon also ech giff der roden am studio iso 100 oder 200 ze huelen daat ass dann dei beschten qualiteit an misst eigentlech och emmer duer goen

vun belichtungszeit giff ech och net ennert 1/60 goen well du geseis daat mam verwackelen jo hmm also ech schaffen am studio emmer mat 1/250s an blend 5-18
an iso 100 an changeiren dann eigentlech nemmen nach d blend fir belichtung unzepassen hmm also hues du luchten oder bletzer? wann ett nemmen luchten sin wees ech leider och net mat den anstellungen weider hmm naja mee wanns de deng 2t lucht bis hues dann haett ech hei zb vun hannen den kapp belicht dann wir daat rietst ouer och schein drop an den schied den mech lo perseinlech eischter steiert wir fort

mee bon also ech fannen fir dei eischt versich mat den neien luchten sin dei fotoen ganz an der reih nemmen un den fotoapparatanstellungen giff ech allt nach en bessen ueben well motiv an belichtung stemmen eigentlech ganz gudd ass eben nemmen d anstellung vum photoapparat wou ett drun hapert hmm jo hoffen konnt der allt fleit bessi helefen an hun net zevill falsch erklaert cool
Sylvia 19.11.2006 - 18:50
Nee tiptop ech geif mol soen ech hätt alles verstann , Merci surprised)

p.s. et sinn Luuchten keng Bletzer

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 582 Gäscht online