Also ech sinn emmer erem iwerrascht iwert d'Hellegkeet vun dengen Photoen. Ech wees net op daat nemmen mir esou geet, ech hun emmer en ganz liichten Nogeschmach vun Iwerbeliichtung, gif mech interesseieren op daat nemmen mir esou geet, villäicht ass och mäin Ecran ze schlecht.
Den Cadrage ... villäicht mei Beem oder manner Beem am Hannergrond, d'Spetzen ofgenschidden fannen ech net esou gudd.
Dei Blieder/Hecken am Virgrond machen normalerweis en scheinen natierlechen Cadrage, just bessen ze vill dominant, lenken of vum eigentlechen scheinen Deel vum Bild.
Waat ass dei riit Linn an der Mett vum Bild am Waasser? huelen un et ass e Seel wou d'Boot drun fest gemach ass? Huet am Ufank fir mech ausgesinn als wier et eng Faal an der Photo
Fir mech ass daat kleng Boot den Haaptsujet vum Bild, also misst mei no lenks oder no riets am bild sin.
Ouch, vill Kritik... hoffen du kanns eppes domader ufänken
Ze hell? gif mech och interesseeren, dein Ecran as emol net schlecht eventuel schlecht agestallt.
Zum Cadrage, hues recht hannen manner Beem wier meiglech, mei no uewen, dann wieren emmer rem Spetzen ofgeschnidden well et geht do biergop.
Zum Viergrond, do wollt ech lenks dei Steng mat drop hun.
Jo, dat as en Seel.
Vier d'Boot mei aus der Met ze kreien riets ewechschneiden? wier dat net schued? ech wees et net.
Merci fier dein ausfeerleche Komment.
also ze hell as se bei mir ml net... blieder sin bessi imposant well deen een Aacht su heich as!spetzen ofgeschnidden schued mee wir effektiv dann net aanecht gaang...mengen wann dFoto aus enger aanerer Perspektiv geholl gin wir, wir dain boot net an der MEtt an dann mi flott mee bon fannen as awa elo kleng schlecht Foto