Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Paris - Opéra

 
Paris - Opéra
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2006
  • Gekuckt:
    33334
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    780x532
  • Späicherplaz:
    279 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Vill vill Wäitwénkel

Fir anzesetzen: [pg_img=13201]
Kommentar vum Fotograf:
An der Oper gemaach, ganz liicht nogeriicht herno am Aperture. Soss ass näicht dru gemaach
JADE 30.12.2006 - 04:32
boaaaah ... schaarf bis um Enn vun der Perspektiv !!! ...
ass immens schéin ... gesäit een baal all Détail ...
1A+++
Johny 30.12.2006 - 13:31
Jo déi Schärft ass bei sou Wäitwénkel am fong scho baal inklusiv direkt matt drann, och bei ganz oppener Blend closed_eye Mee ech wosst dass des guer net huet dierfe verwackelt ginn dofir war ech mam ISO och "bessen" méi héich ...

Freed mech dass se der gefällt.
Knolles 30.12.2006 - 09:35
/removed/
Johny 30.12.2006 - 13:32
Daat mam kippen: Et stëmmt eppes net ganz 100%, perspektivesch gesinn, daat kennt dofun wann een net genee matt der Mëtt vun der Lëns och an der Mëtt vum Sall steet :/

Merci awer fir däi Kommentar.
Vince_M 30.12.2006 - 14:29
NO COMMENT JOHNY......JUST DAMN GOOD AND BEAUTIFUL PICTURE WITH NICE FRAMING...

CONGRATULATIONS.
VINCE
Johny 31.12.2006 - 13:56
I'm glad you like it smile
CoLdDsToNe 30.12.2006 - 15:14
fannen se och tip top..hun ech dier jo awer schon gesoot weis de se gemaach hues..hun och sou eng ähnlech..just net sou perfekt eben bigsmile
alma 30.12.2006 - 15:57
ech hun mir nach nie zeit geholl fir eng führung mat ze machen, mee ech gesin wann ech nächstekeier zu pareis sin ass daat een must
foto gefällt mir ganz gut
Johny 31.12.2006 - 13:57
Daat ass keng Führung geweecht, mer sinn do einfach sou rondrem getrëtonguepelt smile
Nicon07 30.12.2006 - 21:38
Firwat hues du deng Exif "geheim" gehaalen? Soit! Niëwesaach. Wann ech des Foto kucken dann denken ech direkt un dem Alain Resnais an dem Alain Robbe-Grillet hire Film "L'année dernière à Marienbad", deen ech 1985 an der Fuesvakanz mat 14 aaneren "Cours"-isten, déi am Konschtmodul beim Ben Heyart gudd geschafft haten an dofir ee Weekend pédagogique zu Paräis "gewonnen" haten, kucke gaange sin , owes spéid an een urege Kino an der Rue Mouffetard, an dee méch impressionnéiert hat (de Kino an de Film). Awer ech gesin och dem Prënz Prospero aus dem Poe séngem "The Mask of the Red Death" säi Palast, an deen hien séch vergiewens virun der Pescht agespart hat mat selekten Invitéën, an eng Orgie gefeiert huët. Fir méch déng bescht vun deenen 2 bis elo ropgeluëdenen Paräisfotoën.
Johny 31.12.2006 - 13:59
Well ech "Save for web" gemaach hun weinst der Späicherplaz, soss wir se wuel iwwer 300Kb komm...

Merci fir däi Kommentar. (fannen des och besser wéi déi aaner closed_eye)
kola 31.12.2006 - 16:57
Impressionant !
Paukl 31.12.2006 - 17:07
Super gelongen. top cadreiert

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 642 Gäscht online