Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Generations

 
Generations
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.01.2007
  • Gekuckt:
    16964
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    15 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    230 KB
  • Originaldatum:
    2006:10:15 11:46:34
  • Fotoapparat:
    DYNAX 7D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=13392]
Kommentar vum Fotograf:
Deen Zaap wor esou do gefall an ech duecht daat wir flott fir den klengen Zaap, als Ursprong vun den groussen Beem, selwer emol méi grouss ze weisen.
ChLo 05.01.2007 - 07:02
Flotten Bildopbau an gudden Titel.
Deng Photo gefällt mir.
Rabicop 05.01.2007 - 13:46
gefällt mer exzellent vun der perspektiv, den himmel as schein (bon,do hues de jo keen afloss) an de schärfteverlaaf huet eng ganz schein wierkung.
(8/10)
Dynax 05.01.2007 - 15:04
Eng schein Foto, an en flott Gedankespill.
Charly 05.01.2007 - 17:02
Merci alleguer!
Rabicop: Ech haat immens Chance mam Wieder, well déi ganz Woch iert ech dohinner kom sin wor et nëmmen Reen an Niwel do (Sequoia National Park).
Graziano 05.01.2007 - 20:05
also dat ass eng rischteg flott foto ijendweis witzegsmile
Nicon07 05.01.2007 - 20:12
Wann ech déng Exif kucken, da gesinn ech, datt s du nach roueg an der Blend häss kéint mi rop goen, fir de Bësch hannen och scharf ze kréien. Dat wir bestëmmt och ee flotten Effekt gin. Mais däi choix war jo awer sécher, fir den HG eben net och mat scharf ze kréien. An dat as natiirléch och ganz gudd esou, keen Zweifel. Dat virdru war just esou eng Iddi vu mir. Ech war op déng homepage luussen, an do hun ech gesin, datt een dir keng Rotschléi zu Bildkompositioun bei Landschaftsfotografie brauch ze gin. Dest as ee Kompliment!!
Charly 05.01.2007 - 20:40
Merci, Merci! Ech gi jo ganz roud am Gesiicht! Du hues scho recht, déi kleng Déifteschärft wor e bewossten choix, allerding bei der Brennwäit net esou einfach hin ze kréien smile
Jigsaw 06.01.2007 - 01:19
Ech wees net obs de den Ice Age gesin hues oder kenns, mee ech sichen hei ob der Foto den Scrat deen seng Eechel sicht an probéiert se an Secherheet ze brengen closed_eye.

D'Foto stëcht positiv an d'Aan, an gefällt mer deemno och gudd. Mir perséinlech häett e bessen mei Kontrast an Saturation gefall. Trotzdeem eng flott Foto duerch deen iwwerluerchten Kadrage, an dei schéin natiirlech Kulisse.
Charly 06.01.2007 - 11:18
Hi hi, jo den Scrat géif perfekt do dranner passen! Emmerhin wir en hei nët Gefoor gelaaf fir vum Blëtz getraff ze gin smile
yoshi 07.01.2007 - 07:16
wah smile gefällt mer super gudd daat doten.
genau sou hun ech fotoen gär: weineg objeten, simpel, super opbau, scharf, an eimfa nemmen gudd smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 455 Gäscht online