jop, haat am ufank net gemengt, dass se sou flott geifen gin. haat och bessi bei den mac wallpapers gekuckt mee wanns de dran schaffs, kommen bessi nei ideen mat ran. d'haaptidee ass och net vun mir, dei ass vill gesin mee ideen "klauen" dierf een jo, wann et herno gudd emgesaat ass, dann ass et gudd merci
Wat fir en schéinen Design! Kann mer just nach net sou richteg viirstellen wéis du et gemaach hues. Besonnech Form vun den 4? Blieder... plus 1 am Hannergrond?
ok.. do bass de um holzwee.
et waren effektiv 4 blieder, mee op der foto gesais de der nemmen 3, ass just en ausschnett vun der konstruktioun.
hun dei blieder all eenzel gediebelt (ronn gediebelt, ouni dass eng kant entsteet) an se praktech zu engem spatzen "O" zesummen gepescht. daat gesait een hei un denen 2 kanten dei vun lenks kommen, daat ass een blaat. dei uewen an dei ennen sin och esou gefaalten blieder just eben den emgedreintenen wee dohigeluecht.
am hannergrond ass keen blaat, et as aus enger perspektiv fotografeiert, wou een op d'bliedertflächen gesait (giel).
well et alles su ronn ass, kommen do eben dei sanft iwwergäng vun giel op roud zum virschain.
hehe wiers du nemmen meng proff
mee dei huet dfoto boch scho gesin (awa nemmen um fotoapparat) an se war awa schon ganz eh... positiv iwwerrascht
merci
jo mol kucken ech muss nämlech net nemmen 1 foto ofgin, mee emmer su 4-8 demno weieen sujet, wees hei mol guer net weivill... fannen et awer am fong domm sou vill fotoen mussen oofzegin.. well du hues nimols bei all sujet 8 ennerschiedlech ideen
ech kucken mol op ech eng hun, wou een daat keint rausgesin, also hun se an der schoul gema, an daat an 20 min 75 fotoen, do war net vill zait vir en making of, mee kucken mol op ech eppes fannen woumat een epes gesin kann, merci
Edit: ech hun mol keng sou eng foto, ech froen awer mol muer an der schoul no op keen eng gema huet. Dei sin do all hondrem gegeechtert dei Zait
ech kucken dass ech haut na eng foto maan wou ech daat ganzt na eng keier ähnlech opbauen.
muss daat zwar dann doheem maan an des foto hun ech an der schoul gema, mee et geet jo em den prinzip
déi ganz serie as superflott. et as cool ze gesin wéi een mat e bessi pabeier a luucht genial forme ka man.
ps: RAW as keen extra! RAW as "normal" jpeg as eng sekt!
hehe jo, ech hun och bei denen leschten fotoen daat nemmi dobai geschriww.. mee ka... wollt den ufänger hei weisen dass et och eppes anecht gett wei jpg... dovir hun ech et emmer dobai geschriww.. mee mettlerweil nervt et mech daat emmer ze schreiwen
freet mech dass d'serie der gefällt! merci