Ech ka mech errënneren wéi den op Letzebuerg, oder besser op Bissen komm ass. Wor domols én Artikel am Télécran. Wann ech mech nët ieren, ass et eng MIG 23 aus ex-DDR Bestànn...
Zu Riga direkt niëwent dem Flughafen huet en op engem oofgeschlossene Gelänn all méiglech Iwerreschter aus der Soviet Airforce ugesammelt, MIG, Illyushin, Yakovlev, Mil asw... Besichtege kann én nëmmen wann de Propriétaire do ass, an daat war nach nie de Fall wann ech do war... anscheinend ass en Taxichauffeur... Déi Foto do hun ech durch eng vergittert Diir gemaach, de Rescht ass mat enger héijer Mauer emginn.
Riga gët effektiv all Joer besser; wanns de allerdëngs mam Zuch vu Riga op Jurmala fiërs, begéinste ënnerwé nach genuch Ruinen aus Sovietzàiten... Fabrécken, futtis Zich asw. an déi Zich déi nach am Asaatz sin, sin och nach déi klassësch Sovietmonsteren... ganz interessant fiir en "trainspotter"...
Hm...; wann mer schon vun identifizeierung schwetzen: ka, en soviet maxi-grill fir am summer mat den kollegen owes ze feieren mat enger maxi grillade?
Jo, schengt eng ganz flott sammelung ze sinn... den titel passt extrem dozou! hrhrhr