Immens flott Approche. D'Faarwen sin immens verspillt. Verbesserungsvirschléi: Looss uewen e bëssen méi Plaatz fir dass d'Rad net un den Bord stéisst. Looss ënnen en gudd Stéck méi Platz fir d'Kompositioun auszegläichen. Di staark schwaarz Flecken an den Haiser just riets vum Rad stéieren mech och en wéineg.
An Oh mäi Godd, fort mat dem schrecklechen Bord. Deen dierf mol net bei kitschegen Fotoen optauchen.
Merci fier aer gudd Kritiken an Verbesserungsvierschlei...
Zu der Platz uewen an ennen, dat wier wuel eng gudd Iddi mee Problem ass vun do wou ech foto gemeet hun kount ech net mei no hannen reckelen...wor zimmlech no beim Eye an wei een sech daat ka fierstellen wor et schon schweier den London eye an sein Reflet op eng foto kreien... dei Flecken am Haus sin wierklech bessi vill deischter an sin der vill, misst mech also do nach eng Keier amuseieren. Zum Bord hun ech iergendwei net vill auswahl an deen huet mer nach am bechten gefall, ouni Bord net sou gudd...
Yes, schléisse mech zu 100% dem gloda un. Gefällt gaaanz gudd dat Bild, ass eppes Frësches, Neies, bis op déi Saachen wou de gloda schon ugeschwat huet.