Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pink

 
Pink
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.03.2007
  • Gekuckt:
    20427
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    125 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    462x800
  • Späicherplaz:
    223 KB
  • Originaldatum:
    2006:08:31 09:56:39
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=15937]
Kommentar vum Fotograf:
Mol een aaneren cadrage.

As eng bessen mei aal Foto. Hun meng archiver durchwullt.
CK 12.03.2007 - 22:52
Huelen un du hues spezifesch f/9 gewielt, mee da froën ech mech, firwaat? Mir ass se baal ze scharf. (Mee hun och nach nie Portrait-Fotoën gemeet, hun also do selwer absolut null Erfahrungswerter.)

Kann et sin dass am Hannergrond riets ierjend eppes ze gesin ass waat net uniform blo ass?
mmphotos 12.03.2007 - 22:55
De f/9 kent dohier dass ech op enger 250 hun missen bleiwen an net nach vill mei mat den luuchten roofgoen konnt.
Derbei kent awer nach dass ech eng komplett scharf foto wollt. Also as dei schaerft am ganzen gesiicht schon gewollt.

Waats de lo genau mam Hannergrond mengs wees ech netclosed_eye
CK 12.03.2007 - 23:03
Ahjo, Blëtzsyncro. smile Haat ech vergiess.

Fir den Hannergrond, hun der grad eng Mail geschéckt.
mmphotos 12.03.2007 - 23:12
Also wei ech et schon an der mail soot soen ech et lo hei och fier dei aaner. Daat sin dei hoer dei hannen op der scheller leien. An durch d'onschaerft mengt een dei geifen um hannergrond leien. Et geseit een et besser op der original foto.
CK 12.03.2007 - 23:13
Ah, ok, dann ass et gudd smile

</nitpick>
annemie 12.03.2007 - 23:09
Schéin Foto smile closed_eye
Also maer gefällt den Cadrage, an d'Schärft, den Bléck. D'Beliichtung ass schonn "kräftech" ( verstehs de wat ech mengen? closed_eye ) MEE daat passt hei aawer ganz gudd. Deen eenzegen klengen minuspunkt ass héckstens dass d'Lepsen bessen dreschen wiirken an iwwer den Piercing kann een gedeelter Meenung sin, mee daat sin 2 kleng Niewensaachen. De Rescht fannen ech wierklech ganz gelongen!
Mojoo 12.03.2007 - 23:22
Wat mir guer net gefällt ass d'Beliichtung! Waats de do gemaach hues wees ech net, mee sou sprëcht et mech perséinlech guer net un. Dat kann ech awer nemmen behaapten well ech schon Besseres vun dir gesin hun! Mee et ass jo och eng mei aal Foto. Den Kadrage ass flott weinst deer geschwongener Kapuzz dei vun uerwen bis noo ennen d'Bild fellt.
Dan 13.03.2007 - 00:12
...
klex 13.03.2007 - 10:29
Vun de Fuarwen kann ech näischt soen, si graad op engem ganz aale schiirm an der schoul an do ass alles d'hennescht d'îewescht -> (grausam)
D'Hoer uewen op der Stier häss de kennen ewàschretuschéieren.
Waat däi kommetar zur Blend 9 ugeet. waat huet daat mat 1/250 sdel ze din, am Studio? Du hues jo gebletzt huelen ech un, dann ass daat jo zimmlech egal, manner wär och gaang... Dat d'Luuchte fläit net mi däischter gin, ok, mee huet näischt mat der Zäit ze din.
Wanns de mi eng kleng blend wells, da bletz einfach net, liicht just, da sin se net su hell... an dan ännert et och eppes wanns de mat der Zäit roof an roof gees.
Winst de fuarwen kucken ech namol doheem smile vum räscht hier ass se tiptop!
mmphotos 13.03.2007 - 15:13
JO wei ech zum komentar mat der blend nach derbei soot, et war secherlech och sou gewollt. Also schwarft am ganzen gesiicht.
klex 13.03.2007 - 21:51
Jojo ok smile daat bezweifelen ech och net dats de se schaarf wolls ;) hu just eps bemirkt wells de behaapt hues 1/250 missen ze huelen obwuel daat jo näischt domadden ze din huet...


Doduerch dat se su schaarf ass wiirkt se immens streng. Den haarde kontrast vun hell an donkel an di schaarf schieter verstärken daat nach.

Ech fannen se ze hell fir deen tip vu Foto.
Op et lo ze hell ass hei oder gudd um print oder net däischter genuch hei an hell genuch um pabeier ass egal, d'gesicht ass ze hell par rapport zum räscht vun der Foto. Daat kennt net doduerch dat se ze hell belicht ass, mee d'hellegkeet net zur d'beliichtung passt. D'wiirkt wi wanns de den ee bletz einfach ze hell agestallt häss, also obschiddefall wiirkt et net gewollt.
Sin do mol eng kéier mam mojoo enger meenung smile
Wis de se lo gemaat hues, och fläit gewollt sou, wees ech jo net, steet jo néirens... well just daat soen waat ech bei der Foto gesinn.

Daat riets Aan wiirk mi grouss wi daat lénkst, vun eis äus gesinn.
De bléck wiirkt net frendlech, net roosen, net traureg an och net näischtsoend, mee kann der och net soen wéi e wiirkt, do misst een d'Fabienne scho froen waat et dee moment geduet huet smile

D'Fuarwen, also d'Häuttéin sin der tiptop gerooden.
D'Häut selwer ass op der lénkser säit propper kloer schaarf an wiirkt dreschen, di aaner Säit ass et genee emgedréint, do wiirkt se ''spekkesch'' net graad, mee blénkeg. Daat läit och un der beliichtung...

D'kompositioun ass gudd. Fanne just dat se bessen no lénks kippt, waat ee nach méi miirkt well se do méi oofgeschnidden ass wi riets.

De räscht soen ech der wanns de wells engkéier wa mer eis gesinn smile
mmphotos 13.03.2007 - 22:27
Wow waat eng detaileiert aentwertclosed_eye HUn lo vill ze din. Muer get se mol genee analyseiert an dann probeieren ech mech ze rechtfertegentongue Opwuel ech agesin waats de mengsclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 566 Gäscht online