Vun den Faarwen, Compositioun asw eng génial Photo, mee iegendwéi kéint se menger Meenung no bessen méi Schärfendéift hun, sou dass den waissen Truc an der Mett och schaarf wier, oder evtl. op engem aneren Punkt focusséiert sin.
ech kennen d'Ixus 60 net. Kannst du do net eng Blend virwielen? Typesch "A" Astellung.
Wann net, muss du onbedengt e sou een Apparat kreien wou du "P", "S", "A", oder "M" Meiglechkeeten hues.
Scheiiin, boooahh hun sou grell farwen immens gär, an zumolst rout, maj o maj hues mech richteg an d'herz getraff ... eng 9,9 vun 10 !!! hmm daat geet jo net, naja dann ronne ma op ... 10
Do get et esou een Film vum Richard Fleischer, den wou se mat engem (Raum)schëff (oder soll ech et Unterkörperboot nennen) am menschlechen Kierper ennerwee sin, awer den aalen, net den Remake vum Joe Dante... ma dat heiten wats du eis hei présentéiers erennert mech famous un di Szene wou d'Schëff vun engem Makrophag ugegraff gett. Um Wee fir dohinner begéint den Equipage och esou skurrill Saachen. Och di knalleg Fuarwen machen aus denger Abstraktioun hei eppes ganz Spezielles.
Impressionant Foto! Wierklech ganz gudd fannen ech se! Also dat mat blend beliischtung asw ass guer net evident, an souguer op apparater wei dei aus der Ixus-Serie net meiglech... ech hunn och eng Ixus 50 an se huet zwar en gudden macro fannen ech, awer fir scharf anzestellen ass dat emmer sou eng saach... Hues du 'Tulp vun hannen beliischt?