Hun des Foto haut mol rem gekuckt, an do ass mer opgefall, datt dee Rass hannen an der Mauer genee der Kontur vun der Pyramid noleeft...
Ech fannen dat Konschtwierk einfach nemmen "extra cool" :-)
Super... mir ass daat o direkt opgefall... an den betton soll den damp duerchstellen, an t'kraizer lava steng oder lava dei eraus "gesprüht" gin...
Gefällt mer
Wow, wat eng Fantasie...
Mee wann ech se mer genau ukucken, an dein Komment liesen, muss ech der Recht gin! Ass mir net opgefall, respektiv agefall... Mir fehlt et eendeiteg un Fantasie...
Majo, war um Vernissage vun "Kunst macht Schule" zu Meisenthal, den 3. März '07. Am Kader vum Bloen Hirsch...
Mengen net datt een dofier Suen kritt hudd, well et waren lauter "Konschtwierker" vun Schüler aus verschiddenen Schoulen aus der Groussregioun... (Wei grouss ass dei iwwerhaapt?)
Wei eng Klass dat genee gema hudd, weess ech net, et stung nix derbei...
Majo di Groussregioun ass wierklech grouss dofir heescht se jo esou ... do musst de emol zesummen rechnen ... wuart ech probéieren emol esou aus dem Kapp ... mmmh, Saarland an Rheinlandpfalz, Province de Luxembourg, Louhtréngen (an vläicht nach méi) an dann natiirlech eis klengt Ländchen, an den iirwechten Deel, Neibelscht mat Deeler vun der ugrenzender Wallonie ... jo, sou ongeféier ... vlläicht ass jo nach een hei den dat mi genee wees an eis beléieren kann.
A "Konschtobjet'en" wéi daat do kann een esou vill Saachen dran interprétéieren. Just op d'Idee muss ee kommen.
Witzeg wär jo gewiescht, wanns du de Stecker agestach häss, wär bestëmmt eng dynamesch Photo gin.
Aarm Potzfraa dei daat muss dorno oppotzen....gesiet deck fragile dei photo aus...also data war mol meng eischt impression....grr...firwa hun ech net dei flott photo gemaach( obwuel einfa hast de et....daat wiirk ass e sou kuuhl, do kann photo och nemmen mega gin)