Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Old Zeiss Ikon II

 
Old Zeiss Ikon II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.03.2007
  • Gekuckt:
    18603
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/20
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    25 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1050x700
  • Späicherplaz:
    67 KB
  • Originaldatum:
    2007:03:21 21:56:05
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=16279]
Kommentar vum Fotograf:
Hei wier dann dei zweet foto aus deser antiquiteitstaffel...
Hunn och probeiert verschidden punkten par rapport zur eischter ze verbesseren (hannergrond asw...).
!Dës Foto ass net méi am System!
Soot mer aer meenung weg... an klicken!
Speziellen dank un den Jaycee!
OK-Photography 21.03.2007 - 22:52
WELTEN besser wei dei eischt!!sepia gudd,schreft gudd, objet schein presenteiert kuerz. eng foto dei gefellt!closed_eye
Rolacro 21.03.2007 - 22:53
Merci!
Jaycee 22.03.2007 - 00:21
Ahh... ëm Klasse besser, sou ähnlech haat ech mer ët fiirgestallt... just de klenge Schiëd (oder waat ëmmer daat ass) uewe riëts am Eck misst nët sin. Du hues ruckzuck réagéiert! A fiir dass déi old times lo wiirklech back to life kommen, bräichs de just nach e Film dermat ze beliichten (viirausgesaat de Verschluss funktionéiert nach- grins-)
Rolacro 22.03.2007 - 20:24
hrhrhr! Merci! jo, den apparat ass nach tiptop an der rei, Verschluss funktioneiert na ganz normal, an d'blend och! jo braicht just na en film! An ka ob een na 6x9 kritt... an dann hunn ech dei ganz gechimies do sws net...
Also, jo, den schied war mer och opgefall... iwerleen mer ob ech na eng drett maan oder net...
Jaycee 25.03.2007 - 22:57
De Film ass ké Problem... ganz normalen 120er Rollfilm dens de an der Staadt beim Anen, Fey, Mirgain ouni weideres kriss. Falls SW der ze ëmständlech ass, kanns de och mat engem Farwfilm probéieren. Ké Problem mat denen aale Foldingen... Denk just drun: ëmmer mam Rëck zur Sonn, déi aal Optiken waren guer nët oder nëmmen schlecht vergüt, sinn also staark reflexempfindlech a sin och éischter kontrastschwaach, sou dass d'Fotoen ënner Emstënn flau kënne gin. Falls daat Ganzt der ze vill ëmständlech ass, kënnt ech der é klengen Tutorial schreiwen, oder nach besser der eng Kéier an der Praxis weisen...
Pinocchio 22.03.2007 - 00:40
Je n'adore pas ton lettrage (je l'aurais préféré en titre) par contre je trouve que tu as su donner à ta photo une teinte 'Old fashion' que j'admire car elle est délicate, sans excès. Bravo donc !
Rolacro 22.03.2007 - 20:28
Merci bcp! Hm... Je me doutais en fait que l'écriture ne plairait pas à tout le monde. Le style de lettre, je l'ai choisi car il s'agit bien là d'un appareil allemand. Moi je trouve que ça donne un petit éclat de modernité, relevant le tout. Mais évidemment, on peut voir ça autrement et trouver que cela casse l'ambiance... c'est une aafaire de gout!
annemie 22.03.2007 - 00:47
Definitiv vill besser smile
Schein présenteiert, scheinen Farwtoun, Schreft vum text passt bei den sënn....
Gefällt mer des Kéier super gudd!
Rolacro 22.03.2007 - 20:31
Merci villmols! smile Jo, lo wou ech dess hunn, muss ech soen dat desst mer och besser gefellet!
Knolles 22.03.2007 - 09:55
/removed/
Rolacro 22.03.2007 - 20:34
Merci Knolles! Jo, wei ech schon dem Pinnocchio gesot hunn dt ass eng aaffaaaiire de guuu...
Also, wann ech dat neidescht material hett... hrhrhr! Mee wann ech mer dei machine vun mei noem unkucken, dann danken ech dei modern wellt! Fir d'anstellungen, do ass eng dozen welt zwescht dei an meng Eos!
Surf-republican 22.03.2007 - 21:39
schein Romain...wierklech echt gudd...ass wierklech em welten an klassen besser wei di eischt...daat eenzegt waat mech steiert ass deen klengen schiet uewen riets...mee nach net su enorm...mee waat ech mer na wenschen geif, wär en besselchen mei deiftenschärft...lo mat stativ kanns de jo roueg d'blend mei zou maachen...well dei schreft (Nettal) ass fir mein geshcmack en bessen ze onscharf...mee wei gesoot...ass wierklech eng ganz schein foto...och mat deem sepia-old-fashioned-look!
Rolacro 22.03.2007 - 21:42
Merci merci! Jo, sou lues denken ech fir nach eng zweet versioun ropzesetzen, fir puristen!closed_eye ouni schreft, ouni schied uewen riets(obwuel ech fannen dat en der foto bessen deift get...) an mat mei deiftenschärft vlait... mee op desen leschten punkt sin ech mer nach net ganz secher...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 376 Gäscht online