E puer Fensteren aus der Provence. Ech hat mech un enger Postkaart inspireiert dei ech dohanne gesin hun, an du meng eegen Versioun gema. :-)
Ech hoffen, mein Montage gefällt eech.
Spontan arennert mech dese Collage un eng typesch Postkaart aus der Provence wéi een se beispillsweis an enger klenger Gaass géif gesin
Ech fannen di vereenzelt Fotoën super. De Sujet kennt immens gudd eriwer an all eenzel Foto huet eppes besonneges un sech. D'Faarwen gefaalen mer och immens gudd, wells de se gudd kräfteg gehaalen hues, an keng Foto kennt blatzeg eriwer.
Allerdéngs gefällt mer d'Rumm net sou. Ech hätt éischter eng einfach Rumm gemaacht wéi zum Beispill eng schwaarz Linn. D'Schrëft vun "Les fenêtres de la Provence" gefällt mer och net sou gudd.
Am grousse Ganzen awer en ganz flotte Collage... domadd kann een sech gudd ameséiren
Edit: Ech hun däin Autokommentar elo réicht gelies... ;) Do haat ech gudd genee richteg getippt mat der Postkaart
Villmols Merci. Jo, du huss richteg getippt, matt der Postkaart.
Wat d'Rumm betrefft, do hätt een verschidden Meiglechkeeten, schwarz wirr secherlech och flott. (wollt mol giel probeiren
Wat d'Schreft betrefft, dei huelen ech gär wann et em Frankreich geht. (hu geduercht fier flait Papyrus ze huelen) Hun awer Bradley Script geholl, eben well se handgeschriwwen an schwungvoll ausgeseit. Do kann een allerdings nach experimenteiren.
Exzellenten Collage. Déi eenzel Fensteren aleng op enger Foto géifen nët vill Aussoen me sou am Collage -> super!
Ech erlaben mer déi Iddi do opzegräifen fir meng nächst Vakanzefotoen.
Ganz flott, Eric. Et sin jhust verschidden (net graad esou provencenfuarwefrou) Fenschteren dobäi di net an däin Konzept passen dat heescht du muss nach eng Kéier dorower fueren fir e puer Fenschterlueden ze photogéniséieren Hihihi
Okay, ech hun naischt dergeint fir nach emol roof ze fuerne.
Wanns du mer den Hotel bezills... hehe
photogéniseiren ass zwar och en flott Verb... Muss ech mer mol mierken. :-P
Merci fir den Komment.
Merci! Jo, d'Idee, wei gesot, gett et schon als Postkaart, mee dei wor zwar zimlech schappeg… Des Fotoen sen awer wesentlech besser wei dei op däer Postkaart.
Wor awer lusteg, all dei Fenstren ze knippsen, an vun de Leit schief bekuckt ze gin, wann een stoe bleift fier sou Fenstren ze knippsen…