Eng gut Foto, wann se Uwen viel manner wär...also den Cadrage ass mir zeviel Uwen...wou nescht ass.....skroll se mol bis op enn Fanger heicht....dat wier supper
Wow... also ech fannen se immens!!! genee sou wei se ass... mir gefaellt de cadrage sou.. ech hu jo souwisou ee faibel fier "empty space" hues du dei schon am SW probeiert? geif mech intereseieren wei se da wier!
Wierklech imposanten Ausrock an Kierpermimik, d'verdeckten Luucht hannert him gefällt mer och gudd. Ech schléisse mech dem CANON un waat de Cadrage ugeet, fier mech muss de awer lo net souvill fortmaan.
Merci fier är Comments!
@ Canon an Alphonse_M ech hun bewosst uewen sou vill Plaatz geloos, sou vill "empty space" wéi d'spako seet, well soss de ganze Schäin vun der verdeckter Luucht nët ze gesin wier! Ech hun hei fonnt ech misst der Luucht Plaatz ze loossen fier ze wierken, an dofier sou vill Plaatz uewen "wou näischt ass"...
Do sinn ech mat der d'Accord, et huet fier mech lo spontan sou ausgesinn wéi wann awer een cm Plaatz do wier deen komplett schwaarz ass. Kloer, wann een well eppes weisen, da probéiert een et ganz ze weisen...
Point Taken! Merci fier däin Comment!
Och wann ech mier nët sécher sin op séng, duerch eng méi frontal Vue, wéi's du sees, méi dynamesch gin wier!
Mee ech probéiren daat um nächsten Stone Sour Concert ganz ären äus
Jo ech wëll!
Daat sot ech fier d'lescht zu ménger Fra
Mee ech wëll vun dier....ech wëll Comments!
Déi bedeiten mer immens vill also lee duer... bei all méngen Fotoen: huel se äusereneen!
ech géing jo gaeren ... awer du wees jo och wéi ët ass am Moment ... hun dëss Nuecht 1,5 St geschloof an muss elo nach schaffen fir muer ... an urgence ...
nee ... also ech fannen nix auserneenzehuelen ... nope!!