nee, hun se nach net gesin! se gefällt mer awer! fläit MUSS ennen net alles ganz drop sin. dann as et net esou 50:50 mee egal: typesch faarwen! ech perséinlech hun eppes géint déi "normal" waarm téinung bei nuetsopnamen. mee dat as jo alles eng affaire de gout wéi mer wëssen
Daat 50:50 as gewollt. Um Pabeier erkennt een ennen nach deen grengen Deel vum Daach en bessen, also as net grad souvill donkel.
Mat den Faarwen, jo as standard, mier huet et eeben gefall
Zimmlech impressionant. 't as flott wéis de d'Symmetrie vun der Architektur duerch d'Spiggelung nach emol an der Foto selwer stärks.
Ech duecht et dierft een net mam Stativ dohin?
Et geet bei dem ganzen guer net em e Stativ. Et geet drem dass d'Pyramid, genee wei d'Beliichtung vum Eiffelturm owes, ennert dem Urheberecht vum Architekt steet. (Hei eben den Här Pei) Se erlaben all Tourist natirlech seng Erennerungsfotoen ze maan well dei keng "Gefor" sinn, mee soubal ee matt Stativ gesi gëtt, gëtt gemengt en wir Profi-fotograf an dofir meckeren se dann. Well dei geifen jo dann fir Suen daat fotografeiren an daat därfe se just matt schreftlecher Authorisatioun vun der Stad vu Paräis ...
hmmm...do stemmt alt mol nees alles...faarwen, schärft, cadrage...
an en wierkech immensen himmel!(meng fun parais waren oft mat orangen himmel...)
giff son TOP!