Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

NationalFeierdaag 2007

 
NationalFeierdaag 2007
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.06.2007
  • Gekuckt:
    23884
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    573x827
  • Späicherplaz:
    176 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=19412]
Kommentar vum Fotograf:
De Renert,
oder,
eng Satire opp Letzebuerger Gesellschaft
vum Michel Rodange


Et war esou ëm d'Päischten,
'T stung Alles an der Bléi,
An d'Villercher di songen
Hir Lidder spéit a fréi.

Du rifft de Léiw, de Kinnek,
All Déier op e Fest
Am Gréngewald zesummen,
An 't koumen all seng Best.

Di Räich als wéi di Arem,
Den Hirsch an Päerd an d'Réi,
Se waren all geruff ginn,
A Mitock, Mësch a Kréi.

Se koumen all mat Träppen,
'T gesouch ee bal keen Enn,
Zu Fouss an op de Fliichten, [1]
Mat Schniewelen a mat Zänn.

A wann och kee géif feelen,
Dat wier dem Kinnek léif:
Wien hätt geduecht datt Renert,
De Fuuss, ewech do bléif?

Dien hat e béist Gewëssen,
Dat scheit den hellen Dag,
Ze go bei all di Hären,
Dat war net senger Saach.

etc. opp
http://lb.wikipedia.org/wiki/Renert:%C3%89ischte_Gesank


paikea 22.06.2007 - 14:26
sorry Juzi, ech hun den falschen Knätonguepchen gedreckt wou ech dir en kommentar wollt schreiwen. Also un photogen-Admins... sorry... kann en daat reckgängeg maan?
ech wollt dir eigentlech just schreiwen: grausam rumm. smile
mee eng Botschaft, dei an enger gewessener Zeit an eiser Geschicht eng ganz bedeitend roll gespillt huet, net nemmen während dem 2. Weltkrisch. Ech wenschen dir en scheint freedefeier beim arc! smile
JuZi 22.06.2007 - 14:37
Sorry ungeholl, no problem
Kompliment fier meng "Rumm du jour" huelen ech dankend unn ::--))

Scheinen Daag nach, an hoffentlech ännert d'Wieder. Mä nuje, ett gett keen schlecht Wieder fier een gudden an passioneierten Fotofreak
deendo 22.06.2007 - 14:33
Déi Rumm kennt jo ganz patriotesch eriwwer...

MAIS: ennen lanscht den Bord passt se jo ganz gudd, mais op deenen 3 aaneren Saiten gesait se "egalwéi" aus. Et wier vlaicht besser gewiecht just ennen an uewen eng roud-waiss-blo bordure ze man?
JuZi 22.06.2007 - 14:40
Ech mengen Aplatz dem Michel Rodange sein Renert an den Comment ze setzen, hätt ech sollen d'Rumm an den Comment setzen...smile
d'Rumm ass dach guer nett wichteg, dass Bild, den Event an den Message.........
Restons sérieux
deendo 22.06.2007 - 14:43
Hey du hues am fong wierklech recht. Ech mengen grad haut (an natirlech och muer) dierfen esou Rummen einfach sin *g*
JuZi 22.06.2007 - 14:45
Ma also, alles vestaan.
Kuck emol dei beschten Reklammen, oder dei dei anschloen,...
do ass emmer eppes derbei waat schockeiert
Have a nice "Nationalfeierdaag"
Julien
Kiss_N_Rebell 22.06.2007 - 15:00
Vill Spass, breng mir ee puer floot Fotoen aus dem Moulin Rouge matt closed_eye))))

deendo 22.06.2007 - 20:16
Merci glaichfalls smile
JADE 22.06.2007 - 20:28
wéiiiiiiiiii daaaaaaann? ...
du bass dësen WE in Love-city ? .. an nët in Luxus-city op dem Paradage!!

--------> ... TRAÎTRE ... !!!

pfffffffffffffffffffffffffffffff ... ech wëll och ... unhappy(
Annick 22.06.2007 - 15:12
also mär gefällt di Rumm,well se einfach bei de Nationalfeierdaach passt! Dat blot hätt just kenne mi hell sinn... foto fannen ech och gutt
JuZi 22.06.2007 - 15:13
Kann jo nie zevill sinn,
dann ameseier Dech nach gudd desen WE

Julien
CANON 22.06.2007 - 15:36
An wann schon , dann hätt ech och Routt als 1 Farf geholl, also Roout weiss Blo....an nett blo weiss Routt....
Garry 22.06.2007 - 19:25
/removed/
Knolles 22.06.2007 - 19:28
/removed/
JuZi 22.06.2007 - 15:38
Merci Annick,
mam bloen hues de Recht, awer nuje, wann mer fleicht den Rouden Leiw kreien....smile
Feier gudd den Owend
Julien
Knolles 22.06.2007 - 18:57
/removed/
Michel 22.06.2007 - 22:51
Salut,
fir mol unzefenken, alles waat kennt ass net béis gemängt och net wann et esou kléngt!
Also zur Rumm mol: och wann et op d'Foto ukennt, d'Rumm deed hier an desem Fall näischt guddes.
Du sees si wär guer net wichteg, trotz allem gehéiert se hei zum Bild, well ouni sie ass d'Foto zimmlech plaakesch a seet wéineg aus.
D'Typo passt och net wiirklech. D'kann een se schlecht liesen op der Rumm. Wär de Bord awer elo Wäiss géif et scho besser ausgesinn.
D'Foto huet e Blostach, mee wanns de am RAW fotograféiert hues ass et jo kee problem daat nach ze änneren.
An der Zesummefaassung: ech sin kee fan vun der Rumm; d'Foto eleng (ouni Text a Bord) ass net super gudd, an di 2 zesummen gesinn och net wiirklech flott aus.
Daat ass mol méng Meenung.

Mee d'ass awer eng intressant Iddi d'Diskussioun em de ''richtege'' Fendel op Photogen ze bréngen.

Och wann et rem ménger Meenung no
zimmlech sënnlos ass iwwerhapt iwwert e Fendel ze diskutéieren closed_eye

Mais bon, emmer weider probéieren smile


PS: ''Mir wëlle bleiwe wat mir sinn''
,wär et ''theoretesch'' korrekt smile

Schéine Feierdaag.
JuZi 24.06.2007 - 19:48
Merci allegueren,
Awer sinn emmer erem erstaunt iwert waatfier Klengechkeeten hei Rieseg Diskussiounen entstinn,...
@Michel, Merci fier dein objektiven comment, also daat mam Blostach...
Waat gett daat ereischt wann mer wierklech den Fändel wiesselen, an, Roud, Weis, Blo Leiwen ronderem een Bild rennen...smile
@Knolles, Wärt daat sinn matt der Grenz, smile, hunn jo dofier een Franzeischen, een Rouden Leiw huel se, an een Italieneschen Fändel opp der Staang.
Weinstens fier den Fussball sinn ech équipeiert.......smile
Knolles 25.06.2007 - 06:22
/removed/

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 610 Gäscht online