Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Was guckst du ?

 
Was guckst du ?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.07.2007
  • Gekuckt:
    41168
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    532x787
  • Späicherplaz:
    110 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:
Fisheye, Aperture, PS, a Gedold!

Fir anzesetzen: [pg_img=20437]
Kommentar vum Fotograf:
Op Befeel schreiwen ech dass et dem Lydie seng Idee war fir mam Fëschaa d'Kéi fotograféiren ze goën ;)
Shantideva 23.07.2007 - 08:42
Déi Kouh kennt richteg sympathesch eriwer. Huet se dir net d'Objektiv besuddelt?
Johny 23.07.2007 - 10:09
Soujust net, war awer echt knaps, sou 1 - 2 cm bigsmile
Lorryson 23.07.2007 - 08:50
Witzegerweis hun ech geschter och Kei geknipst awer dei eng wollt mir emmer onbedebgt Objektiv oflecken. *lol*
Bass mir do zefierkomm.
Fannen Foto ower ganz gudd gelongen.
Johny 23.07.2007 - 12:04
Jo daat mam Ooflecken kennen ech, do muss een op Zack sinn smile

Haas de och matt Fisheye probéiert oder normale Wäitwénkel ?
Lorryson 23.07.2007 - 12:39
Normale W!aitwenkel, hun nach keen Fisheye, steht ower op menger Wonschlescht. Vieleicht entscheden ech mech och nach fir eng vun mengen ropzelueden.
Johny 23.07.2007 - 12:43
OK. Wéis de vläicht gemirkt hues, hun ech mäin Fisheye och nach net laang, wollt vun Ufank un emmer mol een hu mer e lo endlech kaaf, an si frou et gemaach ze hun smile (wëll dech just motivéiren fir eent ze kafen, hehe closed_eye)

De Fisheye stellt nach wann een 7cm firum Objet ass schaarf, dei meescht Wäitwénkelen maachen daat net, just e puer Äusnamen, daat ass en zimleche Virdeel nach fir esou Fotoen.
Knipser 23.07.2007 - 11:03
Flott a witzeg Photo, dass se soe schief as get déer Sach eng spéziel Dinamik.
Johny 23.07.2007 - 12:05
Jop hun et riit bessen ze langweileg fonnt smile
TomEwert 23.07.2007 - 12:21
lol excellent .... op dei idee muss een mol kommen mam fisheye muhbauzen photographéiren ze goen closed_eye ass dir awer gelongen closed_eye) eng super léiw schness ... une grosse truffe quoi closed_eye
Johny 23.07.2007 - 12:44
Bon ass lo net wéiwann d'Idee ganz nei wir smile Mer wollten daat awer onbedingt och emol probéieren.
JuZi 23.07.2007 - 12:54
Schief gett der Foto eppes extras. Riet wär ett eng Foto wei all dei aner. Natiewrlech och gudd ferschafft
Johny 23.07.2007 - 13:01
Merci smile
JADE 23.07.2007 - 13:02
mir gefällt dëss och gutt ...

° dass d'Perspektiv, an den Fisheye natierlech och, ergin hun datt een riiiiesen Kapp op 2 dënn Stelzen steet ... also eng Muh (baal) ouni Panz an Mëllechmaschinn ... closed_eye)
° dann den Cadrage an der Diagonal
° an dann d'Téinung
Johny 23.07.2007 - 13:32
Jo d'Been falen zwar net ville Leit op mee wann ee se gesäit si se witzeg closed_eye

Nach derbäi sief gesot dass ech hu mussen den Apparat einfach sou dohinner halen ouni durch de Sucher ze kucken, well ech wir guer net sou wäit matt mengem Kapp komm an se hätt dann nach éischter gefaart smile

Merci däi Kommentar.
JADE 23.07.2007 - 13:42
ah jo! ... waat ech och nach vergiess hun ...

° duerch deen iwerdimensionellen Kap an déi dënn Been gesäït ët aus wéi eng Foto-Karikatur vun der Kouh ... smile
° an dëss Kouh gesäit esou baal aus wéi een "Groin-Groin" ... smile))
Johny 24.07.2007 - 01:45
Jo do matt der Karrikatur hues de effektiv Recht bigsmile
sutewi 24.07.2007 - 18:01
muuuuh xDD haha xP
ech fannen d'Foto mega leiff ^.^
an gin dem JADE recht matt den Been xD war ma och opgefall, mee kuckt een als eischt op d'Schness well dei "naas" ausgeseit smile)
Mee wann een bis d'Been gesin huet ass d'Foto em sou mei witzeg x)

do haat d'Lydie jo eng gutt Idee ^.^ hehe
Garry 15.08.2007 - 23:40
/removed/

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 503 Gäscht online