Hei hun ech mer en puer (schon en bessen verkemmert) Margreidecher aus dem gaart gepleckt, se an een schaumgummi-block gesteppelt an mam bunsenbrenner voll drop gehaalen ;)
hehe...ech haat mer geduecht...et sin sou vill leit dei nach extra waaßerdreppsen op hier blummen spretzen, fir dass se een besseren effekt krein an do hun ch mer geduecht...firwaat gees de net eng keier mat engem aaneren element op di blumm lass
hehe...stemmt...daat war eng keier week-ends...wei keen an der geigend war mat dem ech eppes konnt ennerhuelen
an deenen zaiten kommen mer oft dei abstrusten ideen
hehe...ass eben na net su oft gesin kennt net all dag fier, dass een eng blumm verbrennt...mee keng angscht...et hun just 2 blimmecher missen drun gleewen...daat ganzt war just eng affaire vun 10 min...opriichten, anstellen an ofriichten matgerechent...daat heescht et war reichlech schmerzlos iwwer d'bühn gaangen...
jojo ech wees ech mengen et ass jo och schon iergendwei allgemeng bekannt, dass deng comments emmer een "klengen" hauch vun ironie beinhalten vun dohier hun ech et verstaanen wollt lo just daat ganzt fir dei mei zartbeseiteten leit hei um site erklären net dass se mech hei weinst vandalismus oder mutwelleger zersteirung vun der natur unkloen (hautzudags ass alles meiglech)
Aha, schein nees eng foto vun dir ze gesin!
Och wann ech se schon kennen, scheint enndresultat, imaginativ an ongewinnt idee, "eng keier mat engem aaneren element op di blumm lass" ze goen
Hehe, mengen d'ass schon alles gesoot, mee muss mech bei daer hei Foto och nach engker vereiwegen, an soen, dass ech d'Iddi di hannert der Foto stecht an d'Emsetzung richteg gudd fannen