Jo den Bus, mee bon wollt mech och net plattfueren lossen mee dann geiff een jo linen netmei wirklech gesinn, trotzdem hues de net ganz onrescht deen geiff nach gudd wierken wann en onscharf sou ze erkennen wier!
Ech mengen och wéi den gloda schon gesoot huet dass do iergend een Unhaltspunkt feelt. also nët den Bus selwer, mee iergend een klengen Objet um Buedem, waat kéint mat engem Busarrêt kéint ze dinn hunn, wéi z.Bsp. een Schlëssel, oder en Euroschein oder eng Zigarette, an den dann am Schärftebereich, wou een dann awer am Hannergrond nach d'Linnen gesinn hätt.
Du lenks mat der gerénger Déifteschärft den Bléck op en ganz bestëmmten Beräich, mee do as einfach näischt wat anescht wier wéi den Rescht vum Bild. Do muss en Element dran dat als Unhaltspunkt déngt. Ech kann mer zB virstellen dass do een sëtzt, deen grad den Bus verpasst huet, evtl mat Rucksak. Oder en Béierglas mat Autosschlëssel dran. Oder eng Zigarette déi réischt just ugefang gouf, an grad dunn as den Bus komm. Masseg Méiglechkeeten.
Ma d'Perspektiv as schon mol gudd. Et kann net schueden den gewinnten Point de vue aus +/- 1,80m héicht ze verloossen.
Jo deen klasseschen 1,80m bleck benotzen ech net sou gären wann ech well eng gewessen vue kreien oder einfach en banalt thema afänken, majo merci dass der mer puer tipps ginn hudd well ech hun dei foto einfach geschter seier gemach wou ech op en bus geward hun mee war leider eleng dei sach mat deem wou ward gefällt mer gudd un sech! Muss ech dann vielleicht nacheemol versichen!