De Filtrage vun der Foto fannen ech net schlecht, d'Foto ass zwar zimmlech hell mee duerch déi kaal Faarwtéin passt daat fannen ech gudd zesummen. Waat mech awer um Portrait selwer zimmlech stéiert ass déi déck Ketten, déi zitt de Bléck zevill op sech fannen ech =/
Zur Ketten, ech hun och Fotoen ouni d'Ketten. Eichtens as se dann mei eidel, zweetens as dei deck knuppeg ketten, menger meenung no, een scheinen Kontrast zu dem mei duussen gesiicht.
Mat der Ketten gin ech dem Minaa rescht mee ech mengen daat ass a.d.g.
se zitt den Bleck ob sech mee mech steiert se net!
Unsech gefällt mer d foto wiekelch ganz gudd, hat huet ganz flott grouss Aan an en mega leiwt Gesiicht!
D'Farwen vun der foto fannen ech och passend , schein douce!
Den Schnatt vun der Foto gefällt mer och!
Ech fannen dei do ganz flott. Wann ech se misst an engem Wuert beschreiwen, giff ech soen "éierlech", an et falen mer eng ganz Parti Manéieren an op déi se éierlech as.
Kennt immens natierlech an ongezwongen riwer. Gefällt mer wierklech ganz gudd.
Wat d'Ketten ugeet stemmen ech der zou mmphotos an se passt och iergendwei bei déi grouss Aan.
Majo dei photo gefällt mir vun all dengen photo am allerbeschten dei brong aan kucken sou grouss waat vill ausseht... auserdem fannen ech se natilech... net sou wie anner modellen dei vun owen bis ennen an schmickdepschen gefall sinn
dass ketten dei weis flecken dran hued giff mech normalerweis steiern... me hei fannen ech et gutt... et passt
also einfach nemmen flott
vun mir kriss de eng 10/10