Am Geigensaatz zu der norwegeescher Gaass gefaellt mer hei dei "Modell" vill besser, d'Teinung fannen ech och net schlecht, waat mer aawer besser un der aanerer Foto gefaellt as dats de d'Stroos och mat dropgeholl hues...daat wier eng Ideal Plaaz fier weitwenkel (ech si geschiedegt wat dat ugeet ech wees)
Jop konnt mech net wierkleg entscheeden op lo mei Stroos oder mei Himmel an Diech! Mee sou en 10 mm ass wierkleg dat nächst wat ech mer leechten wert
(48 mm well ech leit virun mer haat dei ech net wollt drop kreien sou weit ech mech erenneren kann...)
Eng richteg schéin Gässelchen, ech kann verstoen wisous de eng Schwächt dofir hues. U sech ass se och exzellent emgesat, just, e bessi méi Détailer géif ech gaeren ennen gesin. Ass mer e bessi zevill däischter do.
Merci
Also bei mir ass alles ganz kloer ze erkennen... bass de secher dass dein ecran richteg kallibreiert ass? (kuk dei seil ennen um site dei faarwen vun schwarz op weis huet)
O! Du hues recht. Et get wuel ower sou lues Zäit fir en neien Ecran.
Majo, an dem Fall muss ech main viireschten Kommentar dann korrigéieren an soen elo: si ass och gudd ausgeliicht.