Merci DigArt, wollt och elo grad TopFoto fierschloen,
Bon dann sinn mer jo schons zu 2 dei des Foto Top fannen.
An elo all dei aner, gudd Kritiken mat Top an gudd Bewärtung,
mier wärten dei hei jo an TopGalerie kreien
Dei hun ech Alma
Et get do en Trick, an zuar huelen ech eng Gradationkurv an zeien dei vun der Mett aus diagonal an den lenksen Eck. Daat mech d'Bild immens hell...an duerno stemplen ech d'Flecken einfach ewech
Daat matt den Barikaden haat ech och gesinn, an wei ech mech kennen, hätt ech Gemengenoarbechter deck verflucht, keng Foto gemach an mech dann an enger Roserei matt mengem Aparat bei daat nächst Objekt gemaach.
Awer trotz den Barikaden ass se nett schlecht, kann een eben nett emmer Perfekt Conditiounen hunn
Also do get et einfach näischt méi hinzu zu fügen. Einfach Top. Et stemmt wirklech alles. Wirklech décken Respekt fir déi Leeschtung!!! Et kritt een net genug vun der Foto.
wiekelech ganz schein , daat keint rem eng topfoto gin!
fier mech ass et lo schon eng! vote 10 och vun mier!
eng super schärft , ganz schein farwen, d'Rumm ass tiptop se passt einfach perfekt!
just waat bessen steiert mee dofier kanns de naischt ass daat scheld /plakat direkt fierum Louvre wees net ob schon een daat erwähnt huet?!Bei suenger scheiner Foto ass daat wiekelech schued dass daat bessen steiert!
Jo also d Foto wei se hei ass ass am Landscape (den breede wee) gedreit mee hien huet 12 Fotoen am Portrait geholl an se uneneen gehang... Sou hun ech dat mol verstaanen
...also ech sin total platt wei dei Photo hei bei iech ukennt. Ech well iech heimadder alleguer villmools Merci soen. Daat do motiveiert mech mega vill an spornt mech nach mei un, flott Fotoen ze maan. Nach eng Keier en decken Merci un all iech.
Paukl, keen Problem,
So eis just bescheed weini dass de dei "Palais du Louvre" Party organiseiers.
Dann kennen mer eis alt präareieren an deen Daag freihaalen
:::---)))
Nach een scheinen Daag,
an,
richteg gudd geschaft, nach eng Keier Bravo,
hmmmm ... majoooo ... ech hun mir se emol nach eng Kéier genau ungekuckt ...
an ech muss soen ...
fir een Schnappschoss ass se awer pas mal du tout ... ))
Bei der anerer Foto hun ech jo scho vill Erklärung geschriwwen mee hei schreiwen ech dann nach en aneren Aspekt: Et däerf een net vergläiche matt "alen" Topfotoen well den Niveau vun de Fotoen ass matt der Zäit och an d'Luut gaang. Wann een aktuell Fotoen net als Topfoto ugesäit, ass daat affaire de gout (ass et dat sws net emmer ...)
do gin ech der recht, ass emmer affaire de gout, well et konscht ass an dei gett nunmol vun jiddferengem aanescht interpreteiert, daat ass jo och daat gudd un der saach
et gin awer och einfach perfekt fotoen
ok... lo no baal 2 deeg kucken geing eng se eierlech gesoot och net als topfoto wielen wann ech keint, wou ech se fir d'eischt gesinn haat war ech zevill begeeschtert
d'barikade fort, da wier et awer eng absoluten topfoto, oder net?
Perfekt Fotoen ... soen mer mol, doriwwer léisst sech gehierlos laang streiden
D'Glännere geifen schonn en Riesen-ënnerscheed maachen, do hues du Recht. De Problem ass wann een daat schreiwt kennt als Äntwert (wann och net vum Paukl direkt mee vun aneren) dass de Fotograf jo awer dofir näicht kennt. Stëmmt! An trotzdem ass doduerch d'Foto net esou gutt wéi se kéint sinn. Wéi wuel jiddree wees ass emmer eng Saach vu Chance och bei gudde Fotoen an sou eppes ass eben de Géigendeel, LEIDER natirlech.
Ech fanne se gutt, mee daat ass well ech scho 6x zu Paräis war an ech gesinn alles waat do fotograféiert gëtt liit aanescht wéi déi meescht
Also 12 Héischkant Fotoen, do misst jo awer genuch MPix Spill sinn fir déi Glänneren verschwannen ze loossen...
An dem Sënn: hien hätt NACH MÉI kënnen draus maachen.
Hu jo nët gesoot, dass ët an 2 min gemaach ass
Mee an 2 Stonnen misst een awer doduerch sinn, an en plus bei der Gréisst wéi se hei um Site stin geet dat dach nët sou genau...
Wann d'Glenner vun Ufang un an der Mëtt weg gewiescht wir, ging och keen dat riets an lénks sichen goen
Sou hummer dat gäer! Eng Symetrie ze frecks...
Wann déi Deppen déi Oofspärung nach méi zentréiert hätten wir se suguer nach besser, mee dofir kanns du jo nët!
Déi beliischten Gebeier häss de vlaischt bessi méi däischter kënnen maachen, soss awer wonnerschéin gemaach!
@all nach eng Keier vill mools Merci fir ei super Ennerstezung an den Feedback. Haat eigentlech och aus dem Grond mat enger Topfoto gerechnet...mee nuje et hätt net sollen sin. Ech hätt mech jo natiirlech driwer gefreed, mee am Nachhinein huelen ech et awer sportlech. Et geet jo am Fong drem Photoen ze maan an sech lues an lues ze verbesseren. Weider freen mech wirklech mega doriwer, wann aaner Leit meng Photoen schein fannen, waat jo hei den Fall wor.
Ech kann awer och verstoen, dat en et Leit an der Jury gin, dei dei Barikaden steieren. Allerdengs wann een aaneren dei Photo do eropgelueden hätt an ech an der Jury wär, hätt ech dofir gewielt. (daat ass elo guer net fir d'Jury ze kritiseieren, mee ech soen just main Standpunkt, wann ech Jurymember wir)
Ech waert doudsecher weider versichen schein Fotoen ze maan, an vielait klappt et jo eng aaner Keier.