Du hues mer dat jo lo iwwer PM affirméiert, ech fannen awer dass dat Thema bei der Foto selwer diskutéiert kann gin.
Den Lien tëschent Liverpool Supporter an Hooligan esou duerch Verbindung vun Titel an Beschreiwung opzestellen as eng grave Iwwergeneraliséierung. Du geheits domadd eng ganz Rëtsch vun Leit, dausenden géif ech emol schätzen, an een Dëpen.
Wat den Jos schon erwähnt huet, wann däin Model sech net ausdrécklech domad averstanen erklärt huet als Hooligan duergestalt ze gin kéins du als Fotograf Problemer kréien. Den Model Release deen ech fir méng Shootingen gemaach hun schützt d'Modelen bis op e gewëssenen Punkt géint "defamatory or libelous purpose", d.h. eppes wat dem Model sénger Réutatioun grave schueden kann. Lo weess ech natierlech net wat dir zwee ënnerteneen ausgemaach hudd.
D'Foto un sech huet allerdéngs näischt wat "Hooligan" ze soen schéngt. Wéisou hues de grad dorun geduecht bei der hei Foto?
Et schengt mer jo klo'er, dass Du den Liverpool FC (The Reds) mengs, an net den den FC Everton, deen och aus der Staad um Mersey River ass? Dain Titel ass décidément voll dernieft! Ok, den 29. Mai 1985 hues du wahrscheinlech nach an d'Lompen gek... Mee sorry, wei ass et dann mat der "Présomption d'innocence" ?
Den Titel "Fan" wier besser gewiescht. Net jiddereen, deen Supporter vum Verain op der Anfield Road ass, gelt domatt och d'office als Hooligan!! An wei ass et matt PSG, RC Lens, Milan, Lazio, Barca, Besiktas, Dynamo Dresden??
By the way, deen Kärel do ass jo vlaicht een Supporter vum FC Hannerschassuewermuppech, ech gesin keen Emblème vun den Reds.
Vum Recht um eegenen Bild (Signed model release...) well ech elo hei guer net schwetzen.
hooligan ze soe fannen ech schon ok... huet nèaischt mat liverpool ze din, mee et weist dasse mer dacks alles an een tirang leen ouni secher ze sin ob et esou as.. vun do hier fannen ech et grad intressant . et as deemno ee provokativen titel.
bon..
zur foto: ech weess net ob et express woar, mee de lichtpunkt an den aae feelt! wann et express woar: dat woar ee fehler.. net ALL reflexiounn muss een ewech man dee liichtpunkt as total wichteg ...
Wann ech dat richteg gesin as deen Personage op daer do Foto an deen heiten http://www.photogen.lu/up_fotos/29678.jpg een an deen selwechten?? Do gesait en net wirklech wéi en Hooligan aus oder? Huel w.e.g. deen Titel ewech oder zumindest den Kommentar: "fan fun liverpool" fannen et schrecklech délacéiert sorry!
Hmm. Iergendeppes wierkt fir mech beim Gesiit onnatierlech: Bei den Hoer (virun allem uewen bei der Stiir) ass su en komeschen Rand ronderem... An d'Aen gesin iergendwei su "eidel" äus. Ech wees net wisou.
Bon, dain Titel "verstärkt" amfong d'Schachteldenken, mee dee'es bass de der bestemt bewosst an ass jo dann dain Choix.
ey wisou hueste fan vun liverpool weggemaa?
wanns de der meenung bass datt et passt dann looss et
loss der dach net ranschwetzen weis de waat soe wells
also wann heen ee liverpooler hooligan wollt duerstellen dann soll en daat maachen
an dovun oofgesin wisou reegen sech leit iwwer su klengegkeeten op? Ech maachen mer zwar emmer ee grousse spaas draus mee am prinzip ass et dach schaiss egal nee?