mech steiert besschen dass Drepsen, oder wei een daat nennt, also daat waat no uewen fotflitt oofgeschnidden ass. Paprika ass och besschen gecut. Also foto einfach besschen mei grouss cropen... dann wir se na mei flott
harhar!mengn un dem Chlo seng perfektioun kent se nik run....;p
dLuucht as bessi haart (reflexiounen steieren) an deng Faarwen gesin o zimlech jaitzesch aus...ausserdem gefällt mer den superenken Kadrage nik sou: tgesait een nik fill fum Gesprutz an sou...
mengn indirekt Beliichtung giff schons FILL helefen...wansde Kalekkpabeier hues: firdrunhaalen, wierkt Wonner...
Jo bon merci vir dei Kommentarer, ech wees dass ech nach vill leieren muss... mee dofir as desen Site jo och do.... ech probeieren mol nach bessi aus vir et besser hin ze kreien...
Also ech hunn selwer seueppes och na nie fotographeiert. Probeier eventuell mat engem Lightdome. Mee daat ass venuell en Artikel deen een net seu doheem huet.....
wansde mam agebautenen bletz schaffs(am beschtn fall wier joh een externen) einfach puer Couchen Kalekpabeier firdrun haalen an kukn waat sech ännert...
wansde een externen hues: wenkel ännren an ännren an ännren bis et passt... (an och do mat engm diffuser-pabeir ebn schaffen...)
wansde eng luuscht hoss: alt rem epps firdrun brengen waat dLiischt street, VLAIT een dent, waisst Duch (Seid) odersou wansde keen däs Pabeier bei hand hoss)...hun do o schons munsches probeiert...war awa henno sou duuster dassech op den Stativ hun missen...geet och vlait hei mei einfach well dann hossde deng Hänn frai...
et kann een o mat engm Polfilter dRelexiounen oofschwächen mee domat kennen ech mech nik wierklech aus...(mengn do as dDevise: dreien bis et passt...)
Du hues wahrscheinlëch puer Photoen gemach an de Chilie ëmmer nees mat Waasser oofgewäsch.
Wanns du en dann och oofdrëschen, dann hues du schon vill manner Reflexiounen, wéi wann en nach naas as.