Mir ass dei riets Halschent vum Gesiicht ganz e bësse ze däischter. Wat mëch mei stéiert sin d'Goldfolien dei iergendswéi ze "ropper" (ze kontrolléiert) ob der Haut päschen. Ob den Lësen hätt ech d'Folien ganz ewäsch geloos an der dofir um Gesiicht selwer eventuel mei benotzt. D'Faarwtéin gefaalen mer gudd!
Ech soen der merci fier dein Comment. Deng firschlei waert ech secherlech dei nextenkeier probeieren. Just mat der Quantiteit vum "Gold" wees ech net op mei wirklech besser as, mee firwaat get et PS
Ech wees net genee wat mech un den Folien stéiert, entweder effektiv d'Quantitéit oder awer nëmmen d'Platzéierung. Et gesäit einfach net natierlech genuch aus, och wann et dat net soll (oder iwwerhaapt kann); ech kann der net soën wei ech fiirgaangen wäer
vu que, dass du een ganz gudden 'graf bass, Marc ... soen ech just nach waat ech nët gutt fannen oder besser géing fannen ... verschhidden Saachen sin dann och aus dem "adg Secteur" ...
also ...
° daat Gold ...
vun der Idee hier ganz OK ...
Ëmsetzung --> op den Lëppsen passt ët hei nët gutt ... villäicht well d'Stécker op den falschen Plaazen sin oder zevill symetresch gepecht gin sin oder déi ongënschteg Formen hun ... hmmmm ... gesäit éischter wéi een gëllenen Herpes aus ...
an am Gesiicht do misst ët méi mat der Haut "eent" sin ... respektiv méi grouss Plakken/Stécker (längelzeg Sträifen) sin, déi ongläich sin
° d'Hoer hannen sin hei nët esou gutt well se eng aaner Faarw hun
° beim/um Mondwénkel (vun hei riets) ass eng kleng Roud Plaaz ...
° Muttermale fannen ech allgemeng gutt ... dëss villäicht nach besser erausstiechen loossen?
° ech sin fir Faalen ... wees awer och, dass fir esou Fotoen baal alles geglätt "soolt" gin ... --> d'Halsfaalen
° säin rietst Aan ass effektiv bessi am schied ... an zevill am Eck vun der Nues ... den Kapp bessi méi zu dir dréinen ?
° daat wäisst vun sengem lénken Aan gesäit duerch een Schied vun den Wimperen nët esou "peppeg" aus ...
voilà ... ech haalen elo op ...
alt erëm Detailler ech wees, kann ët awer nët sin loossen ...
ganz schéint Meedchen ... Aan, Mond, Haut, Gesiichtsform ...
Cadrage fannen ech och gutt ... euhmm ... villäicht awer uewen déi méi hell Plaaz vun der Kapphaut wegloossen ... also uewen bessi oofschneiden
EDIT:
ah jo ...
° den eyecatcher soll jo daat Gold sin ... dann, fir am "puren" vun der Esthetik ze bleiwen ... besser ass ët keng Kleedung ze weisen ... an och keng Bijoux'en oder dann och aus Gold
° ech sin mir sëcher du hues daat alles och schon entdeckt gehaat, wéi's du eben och schreiws ...
Hmm... dei Foto huet Potential ;D Mee...éierlech gesot...sou gefällt se mer lo net su direkt. Well:
- Den Kënn wierkt riets sou "wolleckech" par rapport zum Rescht vum Gesit ?-) (oder ass daat just deen schierm hei?)
- Daat Gold op de Lepsen stéiert mei wei et eppes brengt.
- Daat Gold um Baak ass iergendwei komesch verdeelt (op den eischten Bléck duet ech am thumb den eneschten deel wier eng narb)