Gefällt mir och extrem gudd. Ech perseinlech hätt d'Häischen fläit nach mei riets un den bord gesaat an den baam riets wech gelooss! mee daat as jidferengem seint.
du packs et aus, deenen meeschten leit onscheinbar wirkenden Objekter an hirer Emwelt, eppes immenses ze maachen... dei wolleken, daat bedrohlecht, an dann dach eppes, ennert daat een schutz keit fannen virum reen deen sou no schengt ... bon genug philosopheiert =D wei gesoot, einfach super, gefällt mer ...
wat mech bei esou veraarbechtungen dacks stéiert as dass de kontrast am himmel zwar gäil as, mee net dem kontrast vum rescht ugepasst as (oder éischter emgedréit) soss fett!!
Ginn dem Marc an der Hinsicht Recht.
Hei ass den Himmel am Kontrast esou wait gepusht, datt ët zu Tonwert-ofrëss kënnt (d.h. ët gët kee fléissenden Iwergang méi vun engem Growert zum Nächsten, mee et bilden sëch Stufen, am Fong esou wéi de Grokail ënnen op der Sait vu PG, am Bild ze gesinn an de Wolleken, lenks vum Baam).
D'Wiss,par contre, huet praktësch keng Tonwertënnerscheeder, et bleiwt just esou e Mëttgro, an an de Schietter ass direkt Alles schwarz .
Esou ass d'Bild nët méi ausgeglach, a wierkt onnatierlëch.