Hun d'Foto an dei richteg Kategorie gesaat. Oppassen nächst Kéier
Zur Erklärung: du hues um PC ganz vill mat den Faarwen gespillt an en Montage gemaach. Dofir passt d'Foto net mei an dei normal Natur Kategorie mee an "Digital Art -> Natur".
Mier fellt bei deser d'schaerft an firun allem fannen ech dass dei selektiv faarwen bessen zevill dees gudden sin. Wann schon verschidden faarwen dann awer fleit bessen mei dezent, fannen ech mol...
Hmm ... bëssen Photoshop-Gespills. Wei gesot , bëssen vill des Gudden. D'Ausgangsfoto(en) sin och net su extra ... fannen dat perséinlech net sou gutt. Wanns de selectiv gefierwt hues, hätt ech dann wéinstens méi natirlech farwen geholl an net su knalleg farwen ... Mee bon gin vleit Leit hei di dat gutt fannen ...
Autsch, lo hun ech zwar eng Keier meissen schlecken.
Muss dem Basti vollkommen zoustemmen. Dat do ass Kiermes at it's Best.
Dat ass mer e bessen ze krass… Weniger ist mehr soten se well am bauhaus, an wat deemols gegold hudd, ass haut och nach ememr mei wei gudd.
Also, ass wierklech net immens dei hei foto.
Klengen Tipp: Bei Schwarz-Weiss se kräfteg Kontraster gudd, hei se rem nemmen Grotein dran.
Selective Kolorisatioun ass hei einfach ze krass, en plus.