Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

merci gesoot

 
merci gesoot
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.07.2008
  • Gekuckt:
    20886
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x855
  • Späicherplaz:
    391 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
eng schéin Géi, e Bou an e Piano

Fir anzesetzen: [pg_img=28778]
Kommentar vum Fotograf:
...fir déi 1. Plaz am läschten Contest.

Enttäuschend fir mech war awer rem d'Zuel vun den Participanten !

Maacht dach méi matt bei den Contests hei, just for fun !!!

Polinger 24.07.2008 - 20:08
ech weilt jo gär, mee trauen mech einfach net... an wisou? well dei fotoen dei hei op deem site ze gesin sin einfach ZE GUDD sin fier mein niveau... engerseits spornt et dach un, mee emmer mei oft erweschen ech mech wei ech mer soen: "du kanns daat dach souwisou net" am mom sin ech wierklech drop an drun d' kamera no engem joer un den nol ze hänken... an et mecht mech traureg , mee ech hun guer keen, deen mer eppes bäibrengen keint oder mat deem ech oft op den tour keint goen...
galileo 24.07.2008 - 20:15
De Kapp nët hänken loossen - t'kënnt näischt vun näischt.
Ganz vill Fotoen kucken, richteg kucken, vill liesen, d'Aan ophaalen, vill probéieren, an nach méi probéieren, an nach probéieren.....etc....

Dann wärs de schon e Fortschrëtt gesinn.

An t'ass jo awer keng Ursaach fir nët matzemachen, och wann anerer evtl. besser sin.....
marischen 24.07.2008 - 21:41
@Polinger
Net opgin! Ech hun schon flott Fotoen vun daer gesin, du hues en Aan fir flott Motiver, du wees just nach net emmer wéi een se richteg an Szene setzt. Maer huet och keen eppes gewisen. Ech hun hei um Site, an och op aanerer, ganz vill just duerch kucken an liesen geléiert, wéi den galileo schon soot. An et huet lang gedauert bis ech richteg eenz gin sin.

@galileo
Deng Foto war och meng Nummer 1. Wat den Contest ugeet: Bis lo war keen Thema do wat mech wierklech interesséiert huet, an wann daat Thema mech net interesséiert faalen maer och beim beschte Wellen keng gescheit Iddien an smile Soss hätt ech och schon mattgemaach.
galileo 24.07.2008 - 22:58
Merci marischen..an...nët ëmmer op déi perfekt Idee waarden...och manner 'gescheit' Ideen kënnen op eemol zu enger gudder gin...closed_eye
Mika 25.07.2008 - 00:27
Wierklech ganz propper geschafft, haat awer ganz vergees matoofzestemmen *schumm*

Ech wäerden och emmer op d'Iddien fir de Contest, haat och eng vir dësen, wier awer nawell bëssen Aarbecht ginn, an dunn hunn ech et op den leschten Daag wechgedreckt an deen Daag huet mir dunn awer d'Zäit gefeelt xD bon, da keint ech mech selwer rennen... Klammer zou, huet jo naischt mat denger Foto ze dinn closed_eye
Polinger 25.07.2008 - 21:54
grazie fier dei opheiternd wieder, wees se ze schätzen bigsmile
Kiichiii 24.07.2008 - 20:10
Hey herzlechen gleckwonsch zur eichter Platz (: gutt geschafft... me muss dir recht ginn fannen muss mol mei leit maatmachen... an och mei leit offstemmen goen zuehln waren jo sugur bei dir nach ganz kleng....


galileo 24.07.2008 - 22:56
Merci.
Jean-Jos 24.07.2008 - 21:34
Méng Number 1!
Félicitatiounen galileo!
Mir gefällt de super Ausschnëtt, d'Luucht a natiirlech d'Bewegung vum Bou.
galileo 24.07.2008 - 22:54
Merci bien.
Focus 24.07.2008 - 21:48
Congrats Mate!
galileo 24.07.2008 - 22:55
THX !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 629 Gäscht online