Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

S e i s e r A l m

 
S e i s e r     A l m
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.08.2008
  • Gekuckt:
    30029
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1Sek.
  • Blend:
    f/ F4.
  • Brennwäit:
    22,0 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1100x737
  • Späicherplaz:
    595 KB
  • Originaldatum:
    10.08.2008 05:27:35
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 40D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=29721]
Kommentar vum Fotograf:
Ech haat mech iwerwonnen an der Vakanz eng Kier gein 05:30 Auer op ze stoen fir alleng bei 6°C op d'Alm ze fueren, an do den Sonnenopgang ze knipsen. Ausser dat ech mer den A... ewechgefruer hun an den Daag iwer zimlech midd wor, haat et sech aer gelount, an et sin e puer flott Saachen dobei erauskomm.
big-basti 25.08.2008 - 14:25
Huet sech wierklech gelount closed_eye Mir gefällt se immens gutt an hun neischt weider auszesätzen smile

mbG, Sebastian
marischen 25.08.2008 - 14:40
Wow! Ech sin wierklech paff. Hun schon laang keng soueng gudd Foto méi gesin!
TomEwert 25.08.2008 - 14:52
zwar jo !!!
TomEwert 25.08.2008 - 14:53
G E N I A L Paukl !!! hei sin en puer elementer perfekt openeen gefall. En staarken wellen (fir opzestoen) en super schéin landschaft, gudd technesch emsetzung, en gudden postprocesseing an natiirlech och eng grimmel chance (mat deem niwel do) ... also wierklech (entschelleg den ausdrock) SAUFLOTT!!! get eng 10 daat doten.

EDIT nenn mech en iesel...mais ech mengen ech hun mech verklickt rofl
galileo 25.08.2008 - 15:10
Oh wéi gudd ass déi dann !!!

Bravo.
TomEwert 25.08.2008 - 15:56
ma ganz gudd xD
spako 25.08.2008 - 15:50
ee scheint stemmungsvollt Bild..de Niwwel ass top!
Keup 25.08.2008 - 16:17
Megaflott Stemmung Paukl. Mir gefaellt se ganz gudd.
Mochel 25.08.2008 - 16:44
Top , huet sech wirkelech gelount an deng Madame konnt jo dun mei laang ausschlofen.

Mengen dat et do naischt auszestzen get
Shantideva 25.08.2008 - 17:15
Ajo, mueres opstoen ass wonnerbar. Déi schéinsten Sonn an déi kloersten Loft huet een eben just Mueres. Deen liichten Niwwel ass wuel den Teppelschen um i. TOP! smile
No_Saint 25.08.2008 - 21:52
E schéint Bild, fir mëch ë bëssen ze vill Himmel, mee do huet jidwereen seng Préférenzen.
Paukl 25.08.2008 - 22:12
@all
oh freck ech haat elo wirklech net geduecht dat dei sou gudd geing ukommen. Ech wollt dei am Ufank mol guer net uploaden....an daat ass keen Witz, meng Madame huet gesoot ech mist daat onbedengt maan. Sin elo wirklech e bessen paff. Trotzdem en decken Merci un iech alleguer.
Mochel 25.08.2008 - 23:00
Ma wann's de net wolls eroplueden dann well ech erreischt dei aner gesen. Bis speistens e Mettwoch den metten smile
Poly 24.11.2008 - 09:50
do hat deng madame komplett recht, wir schued gewiescht fir déi doen net ze weisen respekt
mOnsterbUg 26.08.2008 - 08:32
saugudd Stemmung ... zwou Grondfuerwen ... een gudd Gefill, (frei opstoen lount sech!)
(d'Exif Daten gifen mech interesseieren -HDR?-)
Paukl 26.08.2008 - 09:07
Jo jo Also een Pseudo HDR entstaan aus engem RAW. Den RAW hun ech iwer 1/2 Blendstufen an 9 Jpeg entweckelt an duerch den Photomatix gehaet. Duerno Tonemapping. Schlussendlech hun ech am PS d'Photo konverteiert fir Smartfilter an hun duerno mam Shadow/Highlight e bessen gespillt.
mOnsterbUg 26.08.2008 - 13:54
merci... Superjob ... breng eis nach
wing 26.08.2008 - 18:29
Freiopstoen huet sech gelount. Einfach super.
Jean-Jos 26.08.2008 - 20:20
Sou soll et sin. Fantastësch!
kola 27.08.2008 - 15:20
Waat eng Stëmmung !
w.e.g. méi oft moies fréih opstoen closed_eye
Paukl 24.11.2008 - 11:21
...an beim Baam um Biergerbierg treffen gedusmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 586 Gäscht online