Et ass lo net sou immens schwéier do 4 Spiller op eng Foto ze kréien, éischter schwéier ass et dass dat ganzt och gutt beienee passt asw, an dat ass hei iergendwéi net de Fall.
Äusserdem fannen ech perséinlech dass op Fouerfotoën Bewegung drann gehéiert, déi ee bei 1/1000s an am Dag net agefaang kann kréien
Wat hei opfällt, ass datts de onbedengt wolls den laangen Aarm vum Airmaxx ganz dropkréien op Käschten vum Circus circus mam Resultat, datt deng Foto aus dem Glaïchgewiicht kennt. Ennen ass se iwerfellt vun Spiller an uewen en eidelen Himmel mat dem Airmaxx-strech dran.
Wanns de alles wëlls drophun an dach eng "fëllend" Foto ze hun, muss de an d'Knéien goen fir ze knipsen oder ganz an d'Héicht.
Fir esou Fotoen an d'Knéien ze goen dierft bei deenen villen Léit esou zimlech schwéier gin, ausser et léisst een dee Beraich ofspären deen een brauch fir d'Foto ze maachen.
Ech fannen se net schlecht.