Eng Fouerfoto ... ech hu mer awer relativ schwéier gedo, doduerch dass ech mer wuel selwer meng Laat relativ héich geluecht haat matt dëser Foto: An rem d'Rieseraad
Jo genee dat war mäin Ziel, just et ass schwéier Fotoën ze maachen do wou een dann näicht dropkritt nach wat iergendwéi stéiert. Dofir och de Crop. Also war eng gewëssen Eräusfuederung, an dat freet mech dann natirlech dass och genee dat sou gutt riwwerkënnt
Mussen elo Erausfuerderungen riwerkommen ?
A priori oder a posteriori ?
Ziel oder nët Ziel ass komplett Wurscht:
entweder d'Foto gefällt oder si gefällt nët,
an ët misst dach un deene sin, déi se kucken,
fir daat eraus ze fannen wat ugedeit war.
Mengen ech mol.
Ech perséinlich fannen deng Foto gutt,
mir gefällt se.
Jo mir kënnen och komplett ouni Ziel durch d'Géigend lafen an blann drop lass knipsen.
Ech haat mir en Ziel gesat, an de gloda huet indirekt räusfonnd wat et war, obwuel ech näicht dofun erwähnt haat. An dat weist jo dass et mer gelongen ass, an dann gesinn ech a mengem Fotograféiren e succés matt dem wat ech wollt erreechen. Wat ass do schlëmm drun? an Wurscht ass en Ziel och net.
Do ass guer neischt schlemm drun. Wurscht ass en Ziel an deem Senn, dass dein Ziel vileicht net dat riwerbrengt wat engem aaneren an denger Foto gefaellt. An da si mir bei den "interpretations personnelles et sensibilites individuelles", dat heescht bei der emotionaler Fantasie vun de Leit di eis Fotoe kucken.
Deng Foto war schwierig ze realiseieren: technisch gut geleist. An si gefaellt mir, wei gesoot. Och wann ech net gewosst haett wat dein Ziel war. Also war dein Ziel mir Wurscht.
schoin Liischtmolerei!
gefellt mer duerch dZesummenspill fun den Linnen an dem onbeweegtenen Sockel!
ech hett awa wascheinlech na eng MAT Bletz proebeirt...hett vlait dFendlen uewendrop na bessi bessa rausbruet...
gefellt!
Et ass amfong bessen schwéier erklären, mee et ass net einfach eng Szen ze fannen wous de een statescht Motiv hues, wat schonn alleng gutt äusgesäit, an dann eppes wat sech beweegt kriss de matt drop nach, sou dass et an de Kadrage passt, AN dass näicht rondrem nach drop ass. Ech kann der jo mol den original, ouni crop, weisen.
De Problem ass emmer dass een zwar statik an dynamik zesummen op eng Foto kritt, mee net sou dass den Opbäu wirklech stëmmt, se propper kadréiert ass asw.
ech perséinlech fannen dass dess photo par rapport zu denger aanerer fouerphoto eifach iverlueden ass ... och déi statik vum viirdeschten scheld kann kéng richteg déift an d'bild brengen ... mengen dass och daat waat mir am meeschten hei fehlt. eppes fir sech drunzehaalen ...
Wéi ech selwer soot, ech haat mder d'Laat relativ héich geluecht matt der anerer Foto.
Dat matt der Déift an der Foto kann ech novollzéien. Fir unzehalen ass e Potto do