Hey, déi gefällt. Ech hun e puer Fotoen dovun gemeet awer ech fannen se och zimmlech langweileg. Déi am HDR ass zwar perfekt ausgeglach an et geseit een de Bam och ganz gudd, awer et fehlt einfach irgend eppes. Wou ech dem Spako se gewisen hun huet hat och eng vun den Fotoen aus der Serie, wou d'Enn vum Rouer ausgebrannt ass am beschten fond, sou wéi bei deser. Ech hun souguer och déi selwescht Téinung dofir gewielt.
Oh, ech sin och domat net sou zefridden. Eigentlech sin ech an leschter Zeit vieleicht zevill kriddleg. Ech schecken dir se einfach mol per Mail, dann kanns du se mol begutachten....